Carte Blanche Economique – PwC – 2017/2018 –
...min op 6, un de Camille Ney a säi Gespréichspartner gi mir lo d'Fro weider, wat fir en Wuesstem eist Land brauch...
RTL: Enner waat fir engen Aspekter muss een d’Wuesstumsfro zu Lëtzebuerg kucken?
François Mousel: Ech mengen, et ginn 3 kruzial Froen:
Eischtens (well mir e klengt Land sinn), wéi geet et mam Wuesstum an Europa an an der Welt laangfristeg weider – ass iwwerhaapt kontinuéierlechen Wuesstum méiglech an enner waat fir engen Bedingungen?
Zweetens, waat kann den Lëtzebuerger Staat maachen, fir Wuesstum duerch Innovatioun aktiv ze förderen;
Drëttens, waat fir Contrainten zwéngt den Wuesstum eis ob um Plang vun den Infrastrukturen, dem Transport an den Wunnengen, mee och – méi wichteg – der Begrenztheet vun eisen Ressourcen? Stechwuert “Nohaltegkeet” ... An dorunner hängt direkt d’Fro, op an wéi privat Betriiber en nohaltegen Wuesstum hëllefen kënnen ëmzesetzen, well den Staat aleng kann daat onméiglech maachen.
Dei diesjähreg Journées de l’Economie, organiséiert den 22. März vun dem Wirtschaftsministère, der Chambre de commerce an der Fedil, wärten all déi Aspekter oofdecken, mat enner aanerem 2 renomméierten auslänneschen Gäscht.
RTL: Virwaat graad dëst Joer daat Thema?
François Mousel: Mir haaten 2 fundamental Iwwerleeungen:
Eischtens, et ass en immens wichtegen Thema an et stellt een fest, dass vill Leit, besonnesch déi Jonk, iwwert eisen Wuesstumsmodell besuergt sinn.
Zweetens, et ass en Wahljoer an mir gesinn e Risiko zu Lëtzebuerg, dass d’Wuesstumsdebatte mat Momenter populistesch ugaangen gëtt.
Mir wëllen also duerch d’Journée de l’Economie eisen Bäitrag zu enger Debatte leeschten, déi esou objektiv ass ewéi méiglech. An engem Panel an an enger interaktiver Sessioun mat der Fondation IDEA vun der Chambre de Commerce ginn mer och d’Fro vum 1,2 Milliounen Awunner Staat un, baséiert op Fakten. Ech mengen et gëtt eng super Editioun an encouragéieren all d’Léit den Donneschden laanscht ze kommen.