Carte Blanche Economique – PwC – 2016/2017 – Medienpolitik zu Lëtzebuerg
RTL: Et gouf a läschter Zäit vill zu Lëtzebuerg iwwer Medienpolitik geschwat a gëschter war doriwwer eng Débatt an der Chambre – em waat geet et?
François Mousel: Bei den Medien muss een grondsätzlech ennerscheeden tëschent privaat finanzéierten Medien an öffentlech-rechtlech Medien. Bei deenen privaaten Medien ass et kloer dass déi éditorial Linn ëmmer a Verbindung bruecht gëtt mat deem deen finanzéiert. Bei den öffentlech-rechtlechen Medien geet et drëmm e Programm ze entwëckelen deen dem Intérêt général déngt, wéi och ëmmer deen ze définéieren ass. Bei der Debatt geet et drëmm ze définéieren wéi d’Medien sech entwéckelt hunn an ob eis Medienpolitik misst iwwerduecht ginn.
RTL: Virwaat sinn öffentlech-rechtlech Medien dann iwwerhaapt wichteg?
François Mousel: Menger Meenung läit d’Bedeitung net haaptsächlech bei der Bereetstellung vun faktuellen Informatiounen, daat kann eng Presseagentur maachen. Mee eischter beim Beidroen zu enger ausgeglachener Meenungsbildung, duerch eng réel journalistesch Aarbecht, déi kann a soll kritësch sinn (och géigeniwwer dem Staat), mee duerch Argumenter, an nët Skandaalberichterstattung. Dofir muss en öffentlech-rechtlechen Medium onoofhängeg sinn a) vun kommerziellem Akommes an b) vum Staat am Sënn vun der Regierung.
RTL: Wéi steet Lëtzebuerg do? Hunn mir iwwerhaapt öffentlech-rechtlech Medien?
François Mousel: D’Situation ass net optimal. Mir hunn en hybriden System. Et gëtt nëmmen een puren öffentlech-rechtlechen Medium, an daat ass den Radio 100,7 an och deen gëtt iwwert eng Konventioun mam Staatsministère finanzéiert wou e politëschen Interessenkonflikt onausweichlech ass. Dann gëtt et eng Konventioun “de son propre genre” mat CLT-UFA an, schlussendlech, verschidden Pressehëllefen. En besseren Modell wier, öffentlech-rechtlech Medien (z.B. een Radio (mat Onlinepräsenz) an een Televisiounskanal, virwaat net och eng Wochenzeitung) iwwert eng Offgab (Taxe), ewéi an Däischland, ze finanzéieren an Iwwerwaachungsorganen ze schaafen déi dem Interessi vun den Contribuablen, d.h. deenen, déi d’Oofgab bezuelen, réell Rechnung droen. Gudd konzipéiert misst esou e Modell och dem Wonsch vun pluralistechen Meenungen Rechnung droen. Alles aanescht sollen dann privaat Suen integraal finanzéiren, oder guer net. Daat wier a mengen Aan eng kloer Entscheedung am Interessi vun den Bierger am Land an kinnt och hëllefen déi berühmten “fake news” ze bekämpfen.