Carte Blanche Economique – PwC – 15.2.2017: Sharing Economy
RTL: Rezent gouff vill iwwert d’Sharing Economy geschwaat, och am Kontext vum Rifkin Rapport. Waat versteet een ennert deem Begrëff?
François Mousel: Et gëtt keng eenheetlech Definitioun. Et geet em e wirtschaftlechen Modell, deen méi staark ewei deen traditionellen op “Peer-to-Peer” Austausch baséiert (also Transaktiounen tëscht eenzelnen Konsumenten) an deen et erlaabt vill Gidder méi intensiv ze notzen, z.B. Haiser, Parkplaatzen, Autoen, déier Kleeder, etc. Uber, BlaBla Car, Airbnb, Bitcoin, Vélooh (zu Parais) sinn alles Beispiller. Eng Rëtsch Leit erwaarden sech dovun e groussen Sprong a Richtung eng méi nohaalteg Notzung vun den Gidder.
RTL: Virwaat gëtt graad elo esou vill dovunner geschwaat?
François Mousel: Well ëmmer mei Sharing Economy wirtschaftlech Modeller opkommen. Dësst huet mat enger Rei vun Grënn ze dinn, déi den Professor Sundarajan vun der NY Stern School of Business an sengem Buch “The Sharing Economy” exzellent erklärt: d’Digitaliséierung vun der Informatioun, den exponentiellen Wuesstum vun der Rechenleeschtung vun digitalen Geräter an d’Einfacheet vun der Programmatioun vun digitalen Geräter. Nei Technologien ewei Blockchain an d’Digitaliséierung vum Vertrauen, (d.h. eist sozialt Kapital ass ëmmer mei digital) erlaaben eenzel Leit eng Transaktioun enner en aaner auszeféieren, déi sech nach ni physesch gesinn hunn, potentiell ouni Mëttelmann.
RTL: Léist desst dann elo all déi klassesch Probleemer vun eisem kapitalisteschen System?
François Mousel: Eben net, an et gëtt vill offen Froen an och vill Skeptiker. Déi eischt Sharing Economy Modeller féieren éischter zu neien Monopol oder Oligopol Platformen, ewei Uber z.B. déi haaptsächlech doduerch opfaalen dass se e riesen Profit generéieren well se, ouni Verantwortung ze huelen, jorzengtenaal Standard’en emginn, z.B. am Aarbechtsrecht. Aus deem Gronn währten dei diesjähreg Journées de l’Economie, organiséiert den 2 März vun dem Wirtschaftsministère, der Chambre de commerce an der Fedil ënnert dem Thema “The Company of the Future” den Professor Sundarajan zur Sprooch kommen loossen, een vun den groussen Experten an der Sharing Economy. Dobai geet et eben net nëmmen em dei positiv Aspekter, mee och eem d’Schwieregkeeten an em d’Roll, déi den Staat an der Réguléierung vun deenen Aktivitéiten kann an muss spillen. Ech mengen, daat gëtt eng spannend Débatte, déi vill rezent Neiegkeeten an den groussen Kontext wärten sätzen.