Enger rézenter Etude vum Statec no, ass Letzebuerg op eischter Plaatz waat d’Croissance/de Wuestëm/d’Opokommen? vun sozialen Entreprisen („Betriiber“) betrefft. Kennt dier eis dozou mei soen?
De Global Entrepreneurship Monitor weist effektiv daat den Entrepreneuriat hei am Land generell (staark) um wuessen ass. Sou ass Zuel vun Entrepreneuren zu Letzebuerg 2015 em 10,2% gewuess (bai just 7,1% 2014). Letzebuerg ass mat 7.4% souguer op Nummer 1 an Europa waat d’Proportioun vun Social Entrepreneurs (vun der Erwuessenenpopulatioun) betrefft. [Irland ass 2. mat 4.9% an Daitschland wait hannen mat knapps enner 1%]
Wat versteet een dann eigentlech ënner (dem terme) “social (sozialem) Entrepreneur”?
Dat ass en entrepreneur oder e Betriib dee sech geziilt enger sozialer oder gesellschaftlecher Problématik unhëlt, an am „intérêt général“ Leisungen zu deenen Problemer sicht. Den Ënnerscheed zu enger klassescher asbl. (oder ONG) ass virun allem awer och daat des Betriiber e finanziell viabelen Modell sollen hun deen hinnen et ermeiglecht – zu Mindest à terme – onoofhängeg vun externem Finanzement ze sin.
Fokaliseieren sech des „social business“ dann op spezifesch Domainen?
Gängeg Themen sin nohalteg Finanzen, „inclusion sociale“, besseren Accès op Verpflegung/Gesondheet, an Proje’en fier d’Reduktioun vun der Pollutioun an dem gaspillage alimentaire.
Ganz konkret gin et eng sëlleg Besipiller. Mier haaten virun Kuerzem bei PwC eng international Konferenz zu dem Thema organiseiert an do war e Mann deeen hat eng ganz verreckt Business-Idee. Hien huet vu Klengem un eng Passioun fier Raaten. Gouf dowéinst awer oft komesch bekuckt. Iergendwann huet hie sech gefrot waat e keint sennvolles mat senge Raten maache fier daat d’Leit sie (an hien) besser geifen akzepteieren. A relativ schnell huet hien erausfonnt daat d’Raten ganz spezifesch Fähegkeeten hun, notaemment e ganz ausgeprägten Détektiouns- a Gerochs-sënn. De Mann huet et du färdeg bruecht seng Raaten sou ze traineieren daat si Landminnen an Tuberculos détecteieren kënnen, waat se och mat Erfollegg an Afrika maachen. Woufier Maschinnen an/oder Menschen Deeg oder Wochen brauchen, (daat) kennen seng Raaten innerhalb vu Sekonnen a Minuten. Sou droen sie – an dem Entrepreneur sai Betriib – dozou bai Krankheeten mei schnell ze entdecken a Liewen ze retten.
Kommen mer zreck op Letzebuerg. Daat heescht och hei deet sech eppes?
Jo ganz kloer. Emmer mei Leit a Betriiber verspieren de Besoin sech sozialen a gesellschaftleche Problemer ze stellen. Ech perseinlech sin der Meenung daat mer des Zort vu weltwaiten Problemer net de Regierungen an den ONGen iwwerloossen kennen mee daat och de Privatsekteur – d.h. d’Betriiber, grouss a kleng, an d’Entrepreneueren – neier wei gestaanener – muss säi Baitraag leeschten an aktiv gin. Nëmmen sou kennen mer Problemer wei d’CO2 Pollutioun oder deidlech Epidémien/Krankheeten mat Succès bekämpfen.