Carte Blanche Economique – PwC – 2016/2017 – Nummer 13: Innovatioun an Aarbecht
RTL: Et liest een ëmmer méi oft, dass den technologëschen Fortschrëtt (z.b. Automatisioun) giff à terme déi klassesch bezuelten Aarbecht oofschaarfen an Aarbechtsplaatzen zerstéieren. Stëmmt daat?
François Mousel: Ech sinn do manner pessimistesch. Et gëtt verschidden Positiounen, mee et gëtt keen kloeren wirtschaftlechen Beweis, dass Aarbechtsplaatzen duerch déi nei Technologien zerstéiert ginn sinn an – massiv an schnell – an der Zukunft zerstéiert wärten ginn. Wann een historesch kuckt, dann huet den Fortschrëtt éischter Aarbecht geschaafen an alternativ Aarbechtsformen zur klassescher bezueltener Aarbecht sinn sinn ëmmer nach éischter rar.
RTL: Virwaat gëtt graad elo esou vill dovunner geschwaat?
François Mousel: Wéinst der Vitesse vum technologëschen Fortschrëtt – éischtens d’Rechnungsleeschtung vun den Computeren wiisst nach ëmmer exponentiell an schaaft d’Basis vun der künstlecher Intelligenz an zweetens ginn ëmmer mei Saachen digitaliséiert (an domadder um Computer elektronesch manipuléierbar). An well an den Medien ëmmer iwwert daat neit geschwaat gëtt, huet een d’Impressioun mir giffen all Daag eng Revolutioun erliewen dobai ass daat am Moment nach guer net den Fall.
RTL: Alles hallëf esou well also?
François Mousel: Ech mengen, dass mir den kurzfristegen Impakt vun den Technologien iwwerschätzen an villäicht den langfristegen ennerschätzen an och net all Technologien an een Dëppen därfen geheien. Automatisatiun ersetzt oft eng penible manuell an/oder repetitiv Aarbecht an ass eigentlech positiv, insofern et eng Alternativ fir déi betraffen Leit gëtt – an déi gëtt et an eisen Länner awer oft. Duerch d’Automatisatioun gouffen nei Service Beruffer geschaafen an ass am Allegemengen (bis elo) den Liewensstandard erop gaangen – daat dierfen mer net vergiessen. Méi kritesch bewerten ech déi kënschtlech Intelligenz: ech verstinn d’Faszinatioun vum Standpunkt vum Forscher, mee vum sozialen Standpunkt fannen ech et beängschtegend eng egenstänneg elektronesch Intelligenz als Kombinatioun vun digitalen Signaler zouzeloossen. Ech kann mer eng Welt virstellen wou ganz vill manuell Tâchen automatiséiert sinn, mee ech kann mer keng Welt virstellen wou déi künstlech Intelligenz dominant gëtt an flächendeckend an allen Beräicher zur Uwendung kënnt. Do sinn mer nach nët ... mee ech mengen dass mer an deem Beräich eng Kéier wärten missten schwéier Entscheedungen treffen.