Elo as et 1 Joer hier, dass d’Englänner fir een Austrieden aus der Europäescher Unioun an engem Referendum ofgestëmmt hun. Kann een des Auswierkungen elo schon zu Lëtzebuerg spieren?
Wei ech am Mäerz op dëser Platz stoung hun ech a menger carte blanche iwwert déi méiglech Risiken op d‘Economie vun eisem Land geschwat – awer och iwwert méiglech Chancen. Zu dem Zäitpunkt hate just zwou englesch Banken decidéiert, hier Aktivitéiten zu Lëtzebuerg auszebauen. Zanter deem as vill geschitt, an et sinn net manner wei 20 englesch Firmen déi decidéiert hun hier Aktivitéiten deelweis op Lëtzebuerg ze verleeën oder weider auszebauen. Allgemeng as awer eng staark Konkurrenz vun deenen aneren europäesche Staaten ze spieren.
Wourop as d‘Attraktivitéit vu Lëtzebuerg dann zeréck ze feieren?
Lëtzebuerg as eng international Finanzplaz – an Europa d’Nummer 2 hannert London. Seng Attraktivitéit ass duerch déi sozial an ekonomesch Stabilitéit – déi beispillsweis duerch den Triple A Rating ënnermauert gëtt – awer och duerch seng Flexibilitéit gezeechent. Bei der Flexibilitéit as virun allem wichteg, dat et ee politeschen Appetit gëtt, fir nei Wirtschaftsaktivitéiten ze developpéieren.
Ons Villsproochegkeet as och en Avantage. Niewent deenen offizielle Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch as Englesch eng wichteg Sproch am professionellen Ëmfeld. Dat zielt fir sou munch englesch Firma fir op Lëtzebuerg ze komme – a kéint eventuell géint e Land wie Frankräich schwätzen, déi jo an der Lescht och verstäerkt versichen englesch Firmen - haaptsächlech iwwert Steieravantagen - unzelackelen.
E weidere Punkt as déi kontinuéierlech Diversifikatioun vum Finanzsecteur. Hei as d’Fintech ze nennen, awer och déi „Gréng“ Finanzen, wou rezent nei Labele gegrënnt gi sinn. Niewent de Banken, sinn d’Branche wei Assurancen an Investmentfongen och héich entwéckelt, wat d’Finanzplaz Lëtzebuerg als Ganzt attraktiv mécht.