RTL - Carte Blanche

Carte blanche économique mat PWC, 22/11/2017


Listen Later

Haut mam JV vu PwC - viru Kuerzem huet de Statec nei Chifferen zum Entrepreneuriat zu Lëtzebuerg publizeiert. Wei steet eist Land dann do ?

Dem « Global Entrepreneurship Monitor » no, relativ gutt ! Dës Etude bei där iwwer 2000 Résiden'en am Alter vun 18-64 Joer matgemaach hu, weist datt den Entrepreneursgeescht an eisem Land (2016) weider een vun deenen Héchsten an Europa ass. Mat 9.2% si mer do och relativ stabil par rapport zu de Joren virdrun.
Domat steet Lëtzebuerg besser do wéi d’Nopeschlänner Däitschland a Frankräich, déi bei 4.6 respektiv 5.3% leien, a läit souguer iwwert der europäescher Moyenne vun 8.6%. Interessant ass dat Kanada mat bal 17% deen héchsten, an Italien mat 4.4% deen déifsten Taux vun de 64 analyséierten Länner huet.

Wat ass dann de Profil vun deene Leit déi sech hei am Land selbstänneg maachen an eng Firma grënnen ?

Dacks sinn et Immigranten déi méi Entrepreneursgeescht weisen. Der Etude no hu sech 13% vun den Immigranten aus der 1ter Generatioun (also ouni Lëtzebuerger Elteren) selbststänneg gemaach – wougéint bei den « Eenheemeschen » (also mat 2 Lëtzebuerger Elteren) just 8% dëse Wee gewielt hu.
Lëtzebuerger Entrepreneuren gi éischter aus opportunistësche wei wirtschaftlëche Grënn selbststänneg. Just 10% maachen et well se soss keng Beruffsalternativ hun – e Chiffer deen am Rescht vun Europa bei 21% läit.
Dann ass den Entrepreneur awer och éischter männlech wéi weiblech : knapps 11% vun de Männer maachen en eegene Betrib op géint just 6% vun de Fraen.

Wat sinn dann déi Haaptursaachen firwat Leit sech net an den Entrepreneuriat woen ??

Eng grouss Brems schéngt d’Angscht ze versoen. Dat hunn ëmmerhin d’Halschent vun de Leit an der Etude uginn. Aaner Ursaachen déi öfters ernimmt gin, sin de schlechten Accès zu Finanzementer an de Manktum un abordabele Bürosflächen.
Och d’Educatioun spillt eng wichteg Roll. Der Etude no géif an der Grondschoul an am Secondär nach ëmmer net genuch ënnerholl ginn fir den Entrepreneursgeescht ze förderen. Och wann divers Initiativen wei dei vun de Jonken Entrepreneuren Letzebuerg (JEL) an de Lycéen d’Situatioun scho verbessert hunn.
Lëtzebuerg ass en dynamescht Land waat d’Firme Créatiounen ugeet, mee wéi sech erausstellt, kënnen a mussen nach Efforte gemaach gi fier mei Léit fier den Entrepreneuriat ze begeeschteren.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

63 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners