FRO : Lescht Woch war hei u Lëtzebuerg déi alljäerlech Konferenz vun der ALFI...
Op eiser Finanzplaz gi mëttlerweil iwwert 4000 Fongen verwalt mat en Couren vu bal 4 000 Milliarden Euro. Domadder ass Lëtzebuerg déi 2. gréisste Fongeplatz hannert den USA an den Lëtzebuerger Fong eng Mark déi op der ganzer Welt bekannt ass. An dem Kontext organiséiert Lëtzebuerger Fongenassociatioun ALFI all Joer am Hierscht eng grouss Konferenz wou Professioneller aus dem Sektor vun iwwerall hier zesumme komme fir iwwert Defi’en a Méiglechkeeten ze schwätzen déi et an der Fongenindustrie den Ament ginn. Dëst ass en immens wichtegen Evenement fir eis Finanzplaz.
FRO : Wei gesitt Dir Zukunft vun der Fongeplaz?
Do ginn et eng Rei Aspekter ob déi ech wéilt kuerz agoen. Ech hun rezent eng Statistik gesinn déi seet dass an Europa nëmmen 8% vun der Populatioun en Fong hun. An den USA sinn dat der dräi mol esou vill. Do gëtt et deemno nach vill Potenzial fir Wuesstem.
Déi digital Transformatioun ass och an der Fongenindustrie ukomm. Virun 10 Joer ass een an de Guichet vu senger Bank gaange vir en Fong ze kafen. Haut ginn et mei a mei digital Plattforme wou der dat kennt maachen. Dat mécht ganz nei Perspektiven ob wei der äre Fong kennt verkafen. Déi digital Revolutioun verännert och Produktioun ronderëm de Fong deifgräifend. Alles dat si Changementer déi sech kënne positiv ob Lëtzebuerg auswierken.
En Punkt wou mer mussen oppassen ass am Kontext vun der Propositioun vun der Europäescher Kommissioun lescht Woch. Sie schléit vir Fongen déi iwwert Grenz ewech verkaf ginn, also praktesch all Lëtzebuerger Fong, ënnert Opsicht vun der europäescher ESMA ze stellen an net lokal, bei der CSSF, ze loossen. Bis elo war eng vun de grousse Virdeeler vun eiser Finanzplaz d’Reaktivitéit an de Pragmatismus vun der CSSF.