RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Ee Stiermchen am Wäiwaasserglieschen!, 09/07/2018


Listen Later

E fréieren Iechternacher Lokalpolitiker geet ganz aktuell mat enger Petitioun géint seng eege Partei, déi Deel vun der Dräierkoalitioun ass, déi grad grouss Schrëtt a Richtung Trennung vu Kierch Staat vollzunn huet. Déi Regierung huet nämlech decidéiert, dass d’Schoulkanner am ganze Land op engem hondsgewéinlechen Dënschdeg am Fréijoer 2019 net wäerte fräi hunn – ausser op explizit Demande -, just well d’kathoulesch Kierch deen Dag wëllt e reliéisen Event organiséieren. Dat ass natierlech der Kierch hiert gutt Recht, mee huet awer näischt mat der ëffentlecher Schoul ze dinn. Dass d‘Sprangprëssessioun 2019 zu Iechternach  - ëm déi geet et - a Gefor wier, ass also Fake News, an di ganz Diskussioun net méi wie e Stiermchen am Wäiwaasserglieschen.
Mee et si schliisslech am Oktober Walen… also probéiert de Moment jiddereen, mat der Sprangprëssessioun op Stëmmefang ze hoppelen, oder anere Stëmmen wech ze huelen. Ugefaang huet dee ganzen Zirkus mam Katholikechef  Hollerich, dee gemengt huet, et wier eng „Sauerei“, wann d’Schoulen op deem ganz normale Schouldag – wat et letztendlech ass – géife Prüfungen maachen. D’kathoulesch Kierch, e private Club, wëllt sech also elo scheinbar schonn nees an d’Organisatioun vun der ëffentlecher Schoul amëschen.  
Skurril gëtt et, wann de Katholikechef am selwechten Otemzuch betount, dass déi béis Geeschter vu gëschter zu Iechternach net wëllkomm wieren. Domatter huet hien sech op nationalistesch Tendenze beruff, déi an Europa jo um komme wieren, woumat hien natierlech Recht huet. Mee wéi erklärt sech dann awer de Katholikechef, dass sech grad Leit vun deem nationalistesche Bord am aggressiivste géint d’Decisioun vun der Regierung a Punkto „normalen Dënsteg 2019“ opreegen? Sou schreift eng ADR-Kandidatin aus dem Zentrum fir d‘Walen am Oktober an engem Lieserbréif op rtl.lu vu Skandal a vu Schan an attackéiert souguer interessanterweis en CSV-Mann an Ex-Paschtouer, dee proposéiert hat, d’Sprangprëssessioun op Méindes ze verleeën.
Des Weieren sinn och nach d’Leit vun enger gewësser Internetplattform op de Plang komm, vun där verschidde Memberen och am Oktober op de ADR-Lëschten ze fanne sinn respektiv entre-temps mol ganz locker an de Sozialmedien d‘Naziverbriechen ëffentlech verharmlosen. Dat sinn dann déi Leit, déi am haartste jäizen, wann der kathoulescher Kierch een ongerechtfertegte Privileg ewechgeholl gëtt, nämlech wäertvoll Schoulzäit engem reliéisen Event ënnerzeuerdnen. Abee jo.
Dobäi wier et dach alles sou einfach. D’kathoulesch Kierch kéint ouni Weideres hire Sprangevent op Sonndes verleeën, an de Problem wier geléist. Mee d‘Kierch an hier dubios Alliéierten notzen di Saach léiwer fir an de Medien nach bëssi bëllege Stunk géint di aktuell Regierung ze maachen, déi grad am gesellschaftspolitesche Beräich en zimlech gudden Job gemaach huet. Populismus pur vu Kierch a Co., deen awer liicht ze duerchkucken ass.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners