RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Emile Haag, 07/05/2018


Listen Later

Russland huet hautesdaags eng ganz schlecht Reputatioun am Westen. Et fänkt u mam Vladimir Putin sengem no baussen demokratesch, no bannen awer autokratesche Regime.
Da kënnt eng laang Rei vu negative Schlagzeilen vun der russescher Haltung a ganz ënnerschiddlechen Domainen: Gëftgas-Attack géint e russeschen Duebelagent zu Salisbury, Annexioun vun der Krim géint all internationaalt Recht, déi russesch Militärinterventioun an der Ost-Ukraine, déi massiv russesch Militärhëllef am syresche Biegerkrich fir de Baschar al-Assad, déi vill russesch Dopingaffairen am Sport, déi russesch Cyberattacken an Amerika, Däitschland, England a Frankräich … jee, eng "unending story" vun illegalen Agrëffer weltwäit. Kee Wonner, datt den Image vum haitege Russland, besonnesch am Westen, net grad dee Beschten ass.

Dobäi huet Russland awer och e ganzt anert Gesiicht. Zanter dem Péiter dem Groussen huet Russland sech kloer no Europa orientéiert. Contrairement zur offizieller Behaaptung, Russland hätt eng eurasesch Kultur, besteet keen Zweifel, datt Russland op eng europäesch Vergaangenheet zréck kuckt a kulturell vun Europa markéiert gouf.

Besonnesch zanter der zweeter Hallschent vum 19. Jorhonnert huet et ganz grouss Contributiounen zur europäescher Kultur gemaach. Puschkin, Dostojewski an Tolstoi si grouss Nimm, net nëmmen an der russescher, mä och an der europäescher Literatur, komparabel mat Dante, Cervantes, Shakespeare, Molière a Goethe. An der Musék: Tschaikowski, Strawinsky, a Prokofjew. An der Molerei: déi russesch Avantgarde, Kandinsky a Chagall. An de Sciencen: Lomonossow a Pawlow. Den Ermitage zu Sankt Peterbuerg an d'Tretjakow-Galerie zu Moskau gehéieren zu den weltwäit gréissere Museeën mat net nëmme russesche, mä och europäesche gréisste Moler. Dëst kulturell brillant Gesiicht vu Russland an der europäescher Kultur, wou et e feste Bestanddeel ass, ouni seng Eegestännegkeet ze verléieren, solle mer op kee Fall vergiessen ze schätzen.

Wann elo, déi méi machiavellistesch Face vum Putin sengem Regime zum Virschäi kënnt, solle mer verstoen, datt nom Ausenanerbriechen vun der Sovietunioun 1991, de Westen, a besonnesch d'Amerikaner, Russland als Nofolgerland op de Niveau vun enger Regionalmuecht erofstufe wollten an elo de Putin versicht, mat alle Mëttel, Russland erëm d'Unerkennung an de Status vun enger Groussmuecht ze ginn. Dat kënnt bei der russescher Bevëlkerung gutt un, och wann d'Mëttel heizou fir de fräiheetleche Westen absolut inakzeptabel a condamnabel sinn.

En attendant, datt dat haitegt Russland, politesch gesinn, de Wee erëmfënnt an eng echt Demokratie no bannen, an eng international korrekt Haltung no baussen, solle mer eis erënneren, datt dat anert Russland kulturell op europäeschem Plang Grousses geleescht huet.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners