RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Emile Haag, 12/02/2018


Listen Later

Säit dem Ausbroch vu Krich, Biergerkrich an Islamismus am Noen Osten an an Afrika, si vill Leit verfollegt a verjot ginn an hu versicht, Europa z'erreechen, fir sech an hir Familljen a Sécherheet ze bréngen an e neit Liewen unzefänken. Wéi d'Zuel vun dëse politesche Refugiéeën an d'Honnertdausenden an esouguer an d'Milliounen eropgoung, ass de Populismus − déi politesch Verkrampfung op nationalistesch Intressen an Intoleranz an Ofleenung no baussen − an deene verschiddenen europäesche Länner an d'Kraut geschoss.

Duerch Aarmut, Chômage, Onsécherheet an Terrorattacken an enger ganzer Rei Länner, hu rietsextremistesch Parteien Opwand kritt fir mat allen demagogesche Mëttel géint hir Regierungen, ob riets oder lénks, Campagne ze maachen, mat ëmmer erëm deene selwechte Sloganen géint d'Refugiéeën, géint Europa, géint den Islam: Domat sollten deene politesch net weider opgekläerte Masse wäisgemaach ginn, firwat et hinne schlecht geet a gläichzäiteg sollte si Angscht gemaach kréien fir hir Zukunft an déi vun hire Kanner. Dat ass Populismus pur, Volléksverhetzung an Demagogie, mat deem eenzegen Zweck un d'Muecht ze kommen an déi politesch Stabilitéit an deene betraffene Länner a Fro ze stellen − eng reell Gefor fir d'Demokratie an den Zesummenhalt vun der europäescher Unioun, déi mat vill Krämpes op d'Been bruecht gouf a vun deeër all Memberlänner profitéieren.
Vun dësem néfasten europäesche Virus sinn all europäesch Länner betraff, déi eng méi, déi aner manner. Besonnesch a Mëttel- an an Osteuropa feiert de Populismus Héichkonjunktur, ginn déi demokratesch Prinzipien ofgebaut, déi politesch Refugiéeën mat Stacheldrot empfaang a gläichzäiteg säfteg europäesch Subsidien akasséiert. Mam Cicero kann een zu Recht froen: Wéi lang nach solle mer eis legendär europäesch Gedold esou mëssbrauche loossen?

Den englesche Brexit an deen autoproklaméierte Genie am wäissen Haus sinn erschreckend Beispiller, wéi geféierlech an imprevisibel de Populismus an der westlecher Welt ka ginn. Déi Haaptschold heibäi huet den iwwerhieflechen parteipoliteschen Establishment, deen sech dauernd op sech selwer konzentréiert an déi legitim Erwaardungen an och d'Ängschte vu ville Bierger, Victimmen vum rasante Fortschrëtt an de globale Spekulatiounen vu rücksichtslose Finanzmagnaten, vernoléissegt oder carrément vergiess huet.

Glécklecherweis gëtt et an Europa nach eng Majoritéit vu Bierger, déi, trotz dem schwierege sozialen oder politeschen Ëmfeld, de gesonde Mënscheverstand an déi politesch Maturitéit hunn, fir de Populismus a seng Grenzen ze verweisen, sou wéi bei eise Noperen Frankräich an Holland. Besonnesch Unerkennung verdéngen eis südlech Partner, Griichenland an Italien, déi trotz grousse wirtschaftleche Schwieregkeeten nach ëmmer déi gréisste Laascht beim Accueil vun de Refugiéeën droen. Et muss ee verstoen, datt de Refugiéesproblem, deen eis däitsch Noperen couragéiert ugepakt hunn, den Haaptausléiser vum Populismus ass. De Populismus ass eigentlech eng Perversioun vun dem Demokratieverständnis an dem europäeschen Solidaritéitsgefill, en clair: zynesch Demagogie op Käschten vu Milliounen Onglécklechen, déi a Nout a Liewensgefor enger onsécherer Zukunft entgéint driften.


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

66 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners