RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Emile Haag, 22/03/2017


Listen Later

Zanter Mëtt 2016, no der Surprise vum Brexit an England, gi mer monter weider Surprisen entgéint, déi eist bis dohin éischter gemittlecht Liewen a Fro stellen. Op engem Hannergrond vun Honger an Afrika, Refugiésundrang no Europa, Terror a Frankräich an an Däitschland, Krich a Biergerkrich an der Ukraine, Syrien, Irak, Jemen a Libyen, kënnt da nach déi gréisste Surprise: den Immobiliemilliardär Donald Trump, no enger elektoraler Drecksschluecht-Campagne sonnergläichen, am Wäissen Haus. Am Frankräich, bei enger zerstriddener Gauche an enger verhedderter Droite, d'Marine Le Pen "ante portas".

Berouegend sinn do awer d'Victoire vum "bon sens" an Éisträich an an Holland, trotz ville Problemer, déi politesch a wirtschaftlech Stabilitéit an Däitschland.

Et bleiwen awer d'Demokratur-Championen Putin an Erdogan mam Wand an de Seegelen, Griichenland an Italien finanziell nach ëmmer uerg ugeschloen, mä de Combel: en amerikanesche President, nach ëmmer gedroen vun enger populistescher Grondwell, total onberechenbar a senge politeschen Aussoen an Aktiounen. Dat huet eis nach grad gefeelt.

Europa zwar zerstridden an existenziell menacéiert, weist awer e klenge Liichtbléck op, well eis däitsch Noperen an eventuell Frankräich, mä ouni Le Pen, versichen aus dem Déif erauszesteieren mat dem Plang en Europa "à vitesses variables" ze lancéieren.

Dëst wär e konstruktive Mëttelwee tëscht méi a manner Europa, déi deem Ganzen een neien Elan kéint ginn. Dobäi kritt eise fréiere Premier a jëtzege Kommissiounspresident d'Geleeënheet eng aktiv Roll ze spillen.

Als klengt Land, dat bis elo gutt derduerch komm ass, kënne mer net passiv nokucken, mä mir mussen mat eisen direkte Noperen un engem Strang zéien fir déi europäesch Kar aus dem Dreck ze kréien. Eis intern politesch Stabilitéit, eise wirtschaftleche Wuesstum hänken direkt mat dem gudde Fonctionnement vun der EU zesummen. Wichteg ass a bleift d'Asiicht, dass, wann et eise Nopere gutt geet, et eis och gutt geet, wa net, da musse mer eis op allerhand gefaasst halen. Virun allem däerfe mer net d'Hänn an de Schouss leeën a Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafe loossen. Mir sinn a bleiwen nun eemol e klengen Hellegen an enger grousser Kierch, mä och déi Kleng mussen um Ball bleiwen an dierfen sech net kleng kréie loossen.

Dobäi solle mer awer dem Dicks säi Sproch an eisem fréieren Ausseminister Bech seng Devise net vergiessen: "Kuck, wou s de stees a wou s de bass / Den Zolverknapp ass kee Parnass.", dat heescht aktiv sinn, jo, mä "low key" bleiwen, ouni Gedäisch.

Mir si gutt beroden, resolut déi europäesch Kaart ze spillen!

Emile Haa^g

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners