RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Erhéijung vum soziale Mindestloun, 22/01/2018


Listen Later

Et ass ganz erstaunlech. Gleeft een dem Europäeschen Statistikamt Eurostat, dann gehéieren déi traditionell Lëtzebuerger Betriber ausserhalb vum Finanzsecteur zu den onrentabelsten Betriber vu ganz Europa. Elo gëtt och nach vu verschiddene Politiker gefuerdert dat grad déi Betriber e méi héige soziale Mindestloun bezuele mussen. Dobäi wësse mer alleguerten dat e Betrib nëmme méi héich Léin bezuele kann, wann e méi rentabel schafft.

Dat schéngen déi Leit, déi elo fuerderen de soziale Mindestloun eropzesetzen, iwwersinn ze hunn, well se sech vun onsem allgemenge Wuelstand, eisem gesonde Wirtschaftswuesstem an onser Progressioun an der Beschäftegung verblenden gelooss hunn. Woubäi ee wësse muss dass d’Progressioun vum PIB an d’Progressioun vun der Beschäftegung zanter 15 Joer déi selwecht ass: do läit jo d’Kromm an der Heck: mir hu keng Produktivitéitsgewënner an domat och net wierklech ee qualitative, mee just ee quantitative, Wuesstem. Et ass iwwregens d’Progressioun vun der Produktivitéit – also näischt anescht wéi dat, wat mir an enger Stonn hierstellen - déi d‘Moosslat vun der Lounentwécklung ass. Déi, déi trotz all deene Schwieregkeeten elo eng drastesch Erhéijung vum Mindestloun fuerderen, hu vergiess, dat si e ganzt geféierlecht Spill spillen, an déi Betriber, déi sech engem internationalen Wettkampf stellen mussen, serieux a Gefor bréngen.

Mir däerfen och net vergiessen, datt all Erhéijung vum soziale Mindestloun e ganze Rateschwanz vun anere Fuerderunge mat sech bréngt, an net ze vergiessen, méi Inflatioun wéi soss enzwousch, an dat verfréit Erfale vun enger nächster Indextranche. Ee richtegen Däiwelskrees deen am Endeffekt kengem eppes bréngt.

Et ass net ausgeschloss datt dann och eng Diskussioun iwwert eng Rentenupassung opkënnt, a mir wësse schonn haut datt mir mat onser haiteger Rentepolitik op de Käschten vun den nächste Generatioune liewen. Wéi solle mer dann nach eng weider Upassung vu Rente verkraften a rechtfertegen?

An där ganzer Diskussioun iwwert d’Erhéijung vum Soziale Mindestloun bestätegt sech erëm dat gutt aalt lëtzebuerger Sprachwuert : « wann et dem Iesel ze gutt geet, da geet en op d’Äis danzen ».

Ech hoffen datt déi Läit déi sech opstelle fir am nächsten Hierscht d’Geschécker vun onsem klenge Land ze féieren, sech dat Sprachwuert zu Häerz huelen, an d’Zukunft vun onsen Betriber net duerch onvirsiichteg wahlpolitesch, jo villäicht souguer populistesch Aussoen, op d’Spill setzen. A bon Entendeur an e schéint neit Joer.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

59 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners