RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Fernand Fehlen, 07/11/2016


Listen Later


 Fir eng proaktiv Sproochepolitik



Wat géif geschéien, wann een ons Sprooch zur éischter an eenzeger Amtssprooch erhiewe géif? Erlaabt mer mat engem Zitat dorop ze äntweren.

„Da bräichte mer all déi Schoulen net méi, wou ons onschëlleg Kanner sech Joer aus Joer an musse ploen a geheien a struewelen, fir déi zwou aner onnéideg Sproochen ze léieren. [...] Da wär den Ortograf net méi ze beuechten, well da géing e schreiwe grad wéi ee schwätzt, [...] ouni sech weider ze genéieren; an da wéist och jiddereen dee verfluchten Ortograf, deen etlech Leit sou plot, ze mol am Franséischen.“

Dëst Zitat staamt aus dem Joer 1841 a sollt eng ironesch Äntwert sinn, op dem Jean-François Gangler seng Ausso, datt d'Lëtzebuerger Sprooch genausou wéi hir flämesch an hollännesch Schwësteren, „einer Ausbildung fähig ist und zur Schriftsprache erhoben werden kann“.

Iwwer esou eng Meenung konnten 1841 d’Leit, esouwäit se iwwerhaapt um politeschen Debat deelgeholl hunn, nëmmen de Kapp rëselen. An d’Sproochwëssenschaft vun deemools huet esouguer virausgesot, datt d’Hollännesch an d’Flämesch geschwënn vum Däitsche géifen opgefriess ginn. Ons Virfahre waren sech eens, datt se eng däitsch Mundart géife schwätzen, an si hunn an der däitsch-franséischer Zweesproochegkeet de Garant vun hirer Eegestaatlechkeet gesinn.

An trotzdem ass d’Lëtzebuerger Sprooch entstanen. Ouni datt de Staat vill dofir gemat hätt, och net do, wou d’Sproochepolitik eng gewëss Emprise huet, nämlech an der Schoul. Vill vun de gebilte Lëtzebuerger hunn sech souguer géint dësen Ausbau vum Dialekt gewiert. An ech muss agestoen, datt och ech 1984, wéi d’Sproochegesetz votéiert ginn ass, déi ganz Prozedur zimlech farfelu fonnt hunn.

Haut weess ech et besser. Lëtzebuergesch ass eng kleng Sprooch, an si ass esou staark a kengeswees vum Ausstierwe bedreet, well se vun ënnen, esou ze soen bottom-up entstanen ass an sech och esou ëmmer nach weider entwéckelt. Sproochepolitik ass ëmmer dann efficace, wann se vun engem breede Konsens an der Sproochgemeinschaft gedroe gëtt. Et gëtt endlech Zäit, datt de Grand-Duché sech eng Sproochepolitik gëtt, déi den net geplangten Ausbau vun der Lëtzebuerger Sprooch definitiv aktéiert an weiderdreift. Och wann et eng kleng Sprooch ass, huet se eng Plaz niewent deenen anere 24 EU-Sprooche verdéngt. Firwat dat net op Käschten vun eiser Méisproochegkeet goe muss, wär de Sujet vun enger anerer Carte Blanche.




...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners