RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Fernand Fehlen, 08/01/2018


Listen Later

Alleguerten, déi d’Jéimeren iwwer d’Ausstierwe vun onser Sprooch net méi héiere kënnen a menge schonn all Argumenter ze kennen, géif ech bieden elo net auszeschalten. Menges Wëssens ass bis elo, dat wichtegst Argument vergiess ginn. Ech sinn bei mengen Recherche iwwer de Loutrenger Platt drop gestouss ginn, well dat eng Regionalsprooch ass, déi wierklech virum Ausstierwe steet.
Frankräich ass ee Staat, deen d‘Eesprochegkeeet an seng Verfassung ageschriwwen huet. Fréier huet en déi vill Regionalsproochen am Hexagon esouguer bekämpft, haut toleréiert en se méi oder wéineger als regionale „Patrimoine culturel“.
Bis nom 2. Weltkrich ass déisäit vun der Grenz a Frankräich am Sierker Land, nach vill Platt geschwat ginn. Dunn huet de Staat — besonnesch duerch seng Schoul — Drock gemaach, datt d’Eltere et mat hire Kanner doheem net méi gebrauche sollten. Ganz vill hunn gefollegt, fir hire Kanner d’Zukunft net ze verbauen, a virun allem och, well se selwer net als Boche, also als däitschfrëndlech, dostoe wollten.
An där éischter Nokrichsgeneratioun, déi haut also 60, 70 Joer al ass, ginn et vill Loutrenger, déi net méi geléiert hunn Platt ze schwätzen, déi et iewel passiv verstinn, well se et nach doheem gehéiert hunn, wann hir Eltere mat hire Grousseltere geschwat hunn. Hiren eegene Kanner hunn se de Platt net weiderginn. A well dës en ëmmer manner gehéiert hunn, kënnen se en och net méi passiv verstoen.
Fir datt eng Sprooch ausstierft, brauch et nëmmen dräi Generatiounen. Dëst ass dat onerbittlecht Gesetz vum Sproochendoud, dat iewel definitiv net op ons Situatioun passt.
Lëtzebuergesch stierft nëmmen dann aus, wann seng Spriecher et net méi un hier Kanner weider ginn, wann se et net méi an hire Famill schwätzen. Dat ass iewel hei esouguer bei gemëschte Koppele seelenst de Fall. Am Géigendeel. Vill Migranten huelen d‘Lëtzebuergesch am Laf vun der Zäit als hir Haaptsprooch an hir Familljesprooch un.
Lëtzebuergesch ass haut um Aarbechtsmaart esou gefrot, datt seng Vitalitéit an d’Grenzregiounen ausstraalt a vill Frontalieren, et als Friemsprooch léieren. Dëst ass villäicht och eng nei Chance fir de Loutrenger Platt.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

66 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners