Wéi 1999 d‘Wahlrecht fir d‘EU-Auslänner um Gemengenniveau agefouert ginn ass, huet munch een doranner eng Bedrohung fir d‘Nationalsouveränitéit a virun allem fir d’Lëtzebuerger Sprooch gesinn. Fir dës Ängschten ze berouegen, ass esou guer en extra Artikel iwwer de Sproochgebrauch an d’Gesetz ageschriwwe ginn. „La langue usuelle parlée au conseil communal est le luxembourgeois.“ Et däerft een zwar och däitsch a franséisch schwätzen, mä et däerft ee weder eng Verdolmetschung vun den Diskussiounen nach eng Iwwersetzung vun den Dokumenter verlaangen. …. Also eigentlech och keng Iwwersetzung vu franséischen Dokumenter op Däitsch oder Lëtzebuergesch. Mä dat ass eng aner Geschicht.
Een Abléck huet et an de Medie geheescht, de José Vaz do Rio géif den éischte portugisesche Buergermeeschter ginn. A jonke Joren war en agewandert an huet als Aarbechter bei de Goodyear geschafft. Elo ass e pensionéiert a President vun der FC Jeunesse Gilsdorf an engem weidere portugisesche Foussballsclub. Vläicht manner typesch fir déi Migrantengeneratioun: Hien huet Lëtzebuergesch geléiert an d’Duebelnationalitéit. Esou datt den éischte portugisesche Buergermeeschter och Lëtzebuerger gewiescht wär. Mä dozou ass et net komm. Hin huet verzicht, och well e mengt net perfekt genuch Lëtzebuergesch ze schwätzen an et net richteg schreiwen ze kënnen. Hien ass mam éischte Schäffeposten zefridden an huet enger Affekotin de Virtrëtt iwwerlooss, déi parteipolitesch Erfarung huet a sécher besser mat de franséische Paperassen zu Wee kënnt.
Ier mer iwwer seng real Sproochkompetenze spekuléieren, sief un e puer Zuelen erënnert. No enger Etüd vum CEFIS waren 1999 6% vun de Kandidaten Aarbechter, 2005 waren et der 4% an 2011 nëmme méi 3%. Vun hinnen ass nëmmen een Drëttel gewielt ginn. Bei de Chamberwale vun 2013 waren, no enger Etüd vun der Uni, vun deene 560 Kandidaten 3 Aarbechter, dat mécht en hallwe Prozent.
D’politesch Participatioun setzt Ressource viraus, déi kengeswees gläich verdeelt sinn: Zäit, Suen, Bildung an, net ze vergiessen, dat richtegt Geschlecht – well d’Frae sinn nach ëmmer net nëmmen an der Politik op allen Niveauen systematesch benodeelegt
Domat well ech kengeswees soen, datt Nationalitéit a Sproochkompetenze keng Roll spillen, mä ech well just dofir warnen sozial Froen ënnert den Dësch ze kieren an deem een se op hire sproochlechen Aspekt reduzéiert.