RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Fernand Fehlen, 26/03/2018


Listen Later

Ugangs Januar huet d’Regierung e Gesetz zur Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch op den Instanzenwee bruecht an déi éischt Avise sinn och schonn ukomm an allgemeng positiv.
De Fortschrëtt, deen d’Lëtzebuerger Sprooch an deene leschte Jore gemaach huet, weist sech am Beschten, wann een dat neit Gesetz mat dem Sproochegesetz vun 1984 vergläicht, dat sech jo dorops beschränkt huet, de Statut vun deenen dräi Sproochen ze definéieren.
Den Exposé des Motifs war deemools eng hallef Säit laang an niewent juristesche Formalia stoung praktesch näischt Inhaltleches dran. En huet als éischt betount, datt Gesetz gemaach géif, fir deenen anere Länner ze soen, datt d’Lëtzebuerger am Alldag Lëtzebuergesch ënnert enee schwätzen; huet iewel direkt ergänzt, datt méi wéi e Véierel vun der Populatioun Auslänner wären, déi et kaum géife gebrauchen.
Wann een den Avis vum Staatsrot vun deemools liest, gesäit een, datt seng Memberen der Meenung waren, datt Lëtzebuergesch keng richteg Sprooch wär. Si schwätzen z. B. vun engem „parler indigène“ oder engem „parler autochtone“. Si verstoppen sech ënnert anerem hannert folgendem Saz, aus dem groussen Lëtzebuerger Dictionnaire: „Unsere Art zu sprechen (langage) ist ja keine Hochsprache (langue) geworden, trotz der vielen Anstrengungen, die seit 1945 in diesem Sinne gemacht worden sind“.
Den neien Exposé des Motifs liwwert eng ganz korrekt Duerstellung vum Entstoe vun onser jonker Sprooch a vun dem haitege Sproochgebrauch. En erënnert och dorun, datt Lëtzebuergesch nach ni déi eenzeg Sprooch am Land war an dat och net ka sinn. Wann een sech déi 40 konkret Mesuren aus dem Strategiepabeier vum leschte Joer, déi nach eng Kéier als Deel vum Exposé des Motifs ofgedréckt ginn, ukuckt, muss ee feststellen, datt am Verglach mat hinnen, d’Gesetz e wéineg bescheiden an allgemeng ausfält. Mä am Ministère soen se sécher, datt et e Kadergesetz ass an déi geschafe Strukturen, wärend deenen nächsten 20 Joer dës Proposen an nach vill méi realiséiere wäerten.
Déi gréisst Avancée vum Gesetz ass, datt et fir d’éischt an der Lëtzebuerger Geschicht konkret sproochepolitesch Mesuren um Niveau vun der Status- a Korpusplanung an um Niveau vum Enseignement proposéiert.
Wien an Zukunft mat der Sprooch Parteipolitik maache wëllt, ass gefuerdert sech mat dëse konkrete Moossnamen ausenaner ze setzen. Et ka keen dem Minister virwerfen, datt en net bereet ass fir säi Gesetz anzestoen. Hie war op véier Biergerforen an allen Bezierker vum Land präsent an huet den Ureegungen a Kritiken gedëlleg nogelauschtert.


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners