Ouni Moral wire mer scho méi weit”, sot des lescht ee lëtzebuerger Politiker.
Wat gelift?
Ouni Moral géingen mir eis nach haut an den Höhlen mat Keulen d’Käpp aschloen an ee geurdent Zesummeliewen wir net méiglech. Den aktuellen Terrorismus weis eis nach ze gutt wat geschitt, wann déi moralesch Grondprinzipien ewechfalen.
Mais wourëms geet et?
Dachs gëtt “Moral” définéiert als den Ensembel vu Verhalensregelen, déi fir deen Eenzelnen, fir eng Grupp oder eng Kultur ugeholl sinn. Beim Eenzelnen kënne mer vu Gewëssen schwätzen, bei ganze Gesellschaften gët Moral mat Ethik gleichgesat.
Am Prinzip baséiert d’Moral op Werter, déi vun der bereffender Persoun oder der Gesellschaft akzeptéiert sinn. D’Moral oder d’Ethik kënne vu Kultur zu Kultur verschidde sinn, an entwéckelen sech mat der Zeit an déi eng oder déi aner Richtung. Fréier war bei eis d’Relioun d’morlesch Instanz déi gesot huet, wat richtech a wat falsch wir.Dat ass a bestëmmte Kulturkreeser och haut nach de Fall .
An enger Democratie regelen d’Verfassung an d’Gesetzer d’Zesummeliewen. Si baséieren op allgemeng akzeptéierten ethesche Grondprinzipien. Well ” wat moralesch falsch ass kaa net politesch richtech sinn” wéi schon am 19. Joerhonnert de britesche Politker William Gladstone sot.
Eng Partie vun deene Grondprinzipien, wéi de Respekt vum Liewen, hunn eng allgemeng Gëltechkeet. Doraus erginn sech da Konventiounen, wéi zum Beispill d’Universal Mënscherechter.
Mais genau sou wéi et onmoralesch ass Mënschen vun haut an Armut zelossen, sou ass et och onmoralesch sou ze leiwen, datt deene kommende Generatioun hir Zukunft a Gefor geréit.
D’Agenda 2030 mat hiren 17 Ziiler fir eng nohaltech Entwécklung , déi am September 2015 vun de Memberlänner vun der UNO ënneschriwwen gouf, gesäit Handlungsregelung fir d’ Weltgemeinschaft, fir d’Länner a fir all Eenzelne fir, a kënnt als Basis fir eng nei universal Ethik gëllen.
Eng reng kapitalistescher Economie wëllt sech awer net vu Moral oder Ethik agrenze lossen. Si huet als eenzecht Ziil d’Vergréisseren vum Gewënn an zitt een onbegrenzte Wuesstum matsech .
Den neie Bericht vum Club of Rome weisst awer deitlech, dat net ee grenzenlost Wuessen an Ausbeuten vun der Natur, mais nëmmen eng universal Ethik, déi op Suffizienz, Respekt vum Liewen a Verantwortung fir déi konmmend Generatioune berout, d’ Zukunft vun der Mënschheet sëchert.
Also wire mer ouni Moral bestëmmt net aus dem Schneider!