RTL - Carte Blanche

Carte Blanche - Francis Schartz, 22/09/2017


Listen Later



"Wie Visiounen huet, soll bei den Dokter goën " soot mol ee fréieren deitsche Kanzler.
Mais spéitstens seit dem éischte Rapport vum Club of Rom, deen d’Grenzen vun eisem Wuestum duergeleucht huet, a spéider de Brundtland Rapport vun der UNO fir eng nohaltech Entwécklung, hun  Zukunftsvisiounen och  an der Realpolitik hir Plaaz fonnt.
Et ginn Szenarien entwécklet, wéi d’Welt, respektiv eist Land am Joer 2030 kënnten ausgesinn oder zum Beispill wéi eng Follechen de Klimawandel am Joer 2050 kënnt matsech brengen.
Doropshin, gi Strategien entwéckelt, Objektiver festgehal Aktiounspläng définéiert a Konventiounen ausgeschaft an ënnerschriwwen.
Als rezent Beispiller sief de Klimaaccord vu Pareis genannt, wou och Lëtzebuerg sech engagéiert huet fir sei Beitrag ze leeschten fir d’Erderwärmung ënner 2 Grad zehalen;
oder d’Agenda 2030  vun der UNO dat eise Premier am September 2015 ënnerschriwen huet an domat eist Land engagéiert huet fir matzehëllefen, déi 17 Ziiler vun enger nohaltejer Entwécklung bis d’Joer 2030 ze erreeechen.
Dobei kommen de « Semestre européen », de « Programme National de développement rural », de « Plan National de développement durable » an nach vill aner Pläng a Konventiounen, un déi eist Land sech engagéiert huet sech ze halen.
Eng nei Visioun fir Lëtzebuerg mam Numm „Drëtt  Industriell Revolutioun“  ass op Initiativ vum Wirtschaftsminister, der Chambre de Commerce an der asbl IMS entstand, ënnert der Fiederféierung vum Professer Jermy Rifkin a mat  der Matarbecht vu ville Biirger.
 
Vill Zukunftsvisiounen also, vill Ziiler, vill Engegementer, vill zukunftsorientéiert Initiativen a quasi alle Gebidder vun der Politik, leien um Dësch.

Mais kënnen si all op een Nenner bruecht ginn oder sinn se vleicht zum Deel kontradiktoresch?
Kann sech heiraus eng Gesamtvisioun fir d' Entwécklung vun eisem Land rausschielen?
Ech denken, datt dëst eng wichtech Aufgab vun de politesche Parteien ass, déi sech net därfen ob « gestion des affaires courantes » beschränken, mais konkret Konzepter fir eng nohaltesch Entwécklung vun Lëtzebuerg mussen erschaffen;
- vun engem Lëtzebuerg an deem mer verantwortungsvoll mat eiser Emwelt an eise Ressourcen ëmginn;
- vun engem Lëtzebuerg an deem et sech weider gudd liewe léisst, och fir déi Generatiounen déi no eis kommen;
-  a vun engem Lëtzebuerg  dat sein Deel derzou beidreet, dat och d’Liewensbedingen an anere Länner sech verbesseren.

Ech si gespannt ob mer an de Programmen vun de Parteien fir déi nächst Wahlen, respektiv am nächsten Regierungsprogramm sou eng koherent Gesamtvisioun werten rëmfannen.
Natirlech treffen des Iwwerleeungen och fir d’Gemengen zou.
Wann dir also den 8. Oktober ärt Kreiz macht, dann iwwerleet, wéi eng Kandidaten oder Parteien ee koherent Konzept fir eng Nohaltech Entwécklung proposéieren.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners