„Alle Jahre wieder...“ ass Chrëschtdag. An „alle Jahre wieder...“ ass op Päischtdënschdeg d’Sprangprëssessioun zu Iechternach, zënter éiwegen Zäiten. An dat obwuel se schonn e puermol drop an dru war, ofgeschaaft ze ginn – mä weder e Jousef II. am 18. Jh. nach d’Preisen am 2. Weltkrich hunn dat zustanebruecht, och net d’Säkulariséierung vun de leschte Joerzéngten. Bien au contraire, si ass souguer valoriséiert ginn duerch d’Opnahm an déi immateriell Kulturgidder vun der UNESCO.
D’Sprangprëssessioun erfreet sech enges groussen Zoulaf, grad och bei Jugendlechen. Kee weess, wou se genee hierkënnt a wéini se entstanen ass, obwuel et zeg Hypothese gëtt – mä eben nëmmen Hypothesen. Mä vläicht mécht dat jo och de Charme vun enger Saach aus, datt se eppes Mysteriéises a sech dréit.
Wat kann een dermat verbannen – reliéis gesinn, well dorëms geet et jo, a grad déi Dimensioun gëtt vun den Organisateuren héichgehalen, nieft deem berechtegt Folkloristeschen. Mam ganze Kierper, an net nëmme mam Geescht bieden, dat wier emol eng Pist. A well een, zemol wann ee vill Kiloen duerch d’Abteistad beweege muss, jiddefalls och un d’Schweesse kënnt, kann een doran och eng Boussübung gesinn. Als Heilstanz géint Epilepsie huet se haut éischter ausgedéngt. Parconter als Ausdrock vu reliéis begrënnter Freed léisst se sech schonn och interpretéieren – e bësse wéi de Kinnek David am Alen Testament, deen virun der Bundeslade rituell gedanzt huet, wéi se op Jerusalem iwwerfouert ginn ass.
Fir d’Iechternacher Leit ass d’Sprangprëssessioun Kiermesdag, wou si hir Familljen a Bekannten empfänken a bekäschtegen. Och dat huet säi Reiz. Fir déi vill auslännesch Gäscht ass et eppes Spektakuläres, déi Dausende vu Sprénger op d’Weis vun enger Polka gruppeweis duerch d’Stroossen danzen a sprangen ze gesinn – an dat zu Éiere vum hl. Willibrord.
Den neie Film iwwer d’Oktav, dee virun e puer Wochen erauskomm ass, gëtt ageleed mat „Tous aiment l’Octave“. Abee, vun der Sprangprëssessioun kann ee mindestens datselwecht soen: All hu mer se gär, egal wat deen Eenzelnen elo dermat verbënnt u Kierchlechem, Weltlechem, Existenziellem, Traditionellem oder Folkloristeschem. Wann et d’Iechternacher Sprangprëssessioun net géif ginn, da misst een se erfannen. Mä et gëtt se jo. An an e puer Deeg ass et nees esou wäit.
Georges Hellinghausen