Zwar sinn déi Fester eréischt am Mëttelalter agefouert ginn, mä si verbannen äis, vun der Saach hir, mat der Zäit vun der Antike. Bei griicheschen a réimesche Grafinschrëfte stécht an d’A, wéi staark d’Fro „An dann?“ intrigéiert huet. En etlech schweigen iwwert e Jenseits, anerer si ganz gespréicheg. D’Weltbiller waren deemols, esou wéi haut, ënnerschiddlech. Munch antik Inscriptiounen otme nëmme Wehmut a Resignatioun, fir si gëtt et keen „Dono“. Anerer si voll Vertrauen a gleewen un eng Zort „Äther“, wou déi onbeleifte Séil sech ging nom Dout erhiewen. Um Ufank sinn och heednesch Formuléierunge vu Chrëschten iwwerholl ginn, déi awer hir Symboler derbäigesat hunn: eng Dauf, e Fësch, en Anker oder de Christusmonogramm.
Ass dat net wéi e Spiggelbild vun eiser Gesellschaft? Den antike Pluralismus, e Virleefer vun eisem heitegen? Wéi wann 2000 Joer näischt passéiert wier... Et gouf an der Antike, wat Dout a Jenseits ugeet, grad esouvill Skepsis an Zweifel wéi Hoffnung a Glawen, chrëschtlechen an aneren. Woubäi de Grondtoun vum chrëschtlechen, deemols ewéi haut, ass: dass et eppes durno gëtt, e Liewe bei Gott an der Éiwegkeet; mä awer och, dass et tëscht dem irdeschen an dem éiwege Liewen eng Zäsur gëtt, eng gewalteg, substanziell Transformatioun. Dës radikal Verwandlung, dës Metamorphos gëtt bezeechent als „Operstehung“ – och wann déi haut gesellschaftlech tabu ass a gär als „Bondieuserie“ ofgedu gëtt. Gi mer awer dervun aus, mam Dout giff de Rido definitiv falen, kondannéiere mer äis selwer zu engem Liewen an der Bedeitungslosegkeet. Well da musse mer äis domat offannen, dass et an d’Blannt eraleeft. Firwat also net déi zweet Méiglechkeet an d’A faassen, nämlech dass d’Liewen net am éiwegen Näischt ennegt?
De Voltaire, deen net am Verdacht stung, iwwerméisseg kathoulesch ze sinn, hat emol zur Operstehungsfro eng intressant Äntwert ginn. Do hat an enger nobler franséischer Gesellschaft eng Dame sech mokkéiert, wéi et ewerhaapt méiglech wier, dass Leit un esou eppes Fabuléises wéi eng Operstehung gleewe kënnten. Hei widersprécht de Voltaire: „Pardon, Madame, d’Operstehung ass dat Einfachst vun der Welt. Deen, deen de Mënsch eemol geschaf huet, kann en och nach eng Kéier schafen!“ Anescht gesot: Operstehung als den Eclatement vun engem neien, onvergängleche Liewen, als nei Schöpfung! Wa mer schon hei sinn – mer misste jo net heisinn, wéisou si mer eigentlech hei? –, dann ass jo net vu vireran auszeschléissen, datt mer och nach eng weider Kéier, wann och ganz anescht, kënnen dosinn a bestoen. Oder?
Georges Hellinghausen