RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Georges Hellinghausen, 14/04/2017


Listen Later


Ouschtersymboler an Ouschterbräich – dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.



„Ouschtersymboler an Ouschterbräich“ heescht eng Rubrik an engem Stater Parblad, déi mech inspiréiert. Rieds geet ë. a. vun de Klacken a vum Klibberen. D’Klacke sinn zënter gëscht, Gréngendonneschdeg owend, verstommt an dat bis moar, Karsamschdeg owend. Well si eng festlech Stëmmung verbreeden, ass d’Gelauts an der Zäit vum Stierwen a vun der Grawesrou vu Christus – dat gëtt jo dëser Deegen kommemoréiert – net ubruecht. Ersat ginn d’Klacken duerch d’Klibbere vun de Klibberkanner.

Schwätze misst ee vun den Ouschtereeër, Fruchtbarkeetssymbol, wat op déi reliéis Fruchtbarkeet hiweist, déi mat der Operstehung vu Christus an d’Liewe vum Mënsch antrëtt an him nei Perspektiven iwwert den Dout eraus opmécht. Well Ouschteren – iwwermuer – ass jo d’Fest vun der Operstehung, de Kär vum chrëschtleche Message.

Dat Fest gëtt agelaut an der Ouschternuecht, Karsamschdeg Owend. Et geet un mat engem Feier, dat virun der Kierch geseent gëtt. Un dësem Feier gëtt d’Ouschterkäerz ugefaangen an an d’Kierch gedroen, begleed vum Ruff „Lumen Christi“. Feier, d’Liicht, dat d’Däischtert hell mécht, ass säit jehir e Symbol fir d’Liewen an domat de Mënschen helleg. D’chrëschtlech Traditioun bezitt et op de Jesus, dee vu sech seet: „Ech sinn d’Liicht vun der Welt.“ Déi Ouschterkäerz steet vun Ouschtere bis Päischten am Chouerraum vun all Kierch an erënnert déi Gleeweg un den Iwwergank vum Dout an d’éiwegt Liewen. Dono gëtt se an der Dafkapell opgestallt; d’Dafkäerz, déi en Neigedeeften no der Daf mat heem kritt, gëtt un der Ouschterkäerz ugefaang an dréckt dat gëttlecht Liewen aus, dat him an der Daf geschenkt gëtt. Déiselwecht Ouschterkäerz brennt bei Begriefnësmassen als Hoffnungszeeche fir d’Operstehung.

Schéin a spriechend Riten a Symboler, déi an dësen Deegen gebraucht ginn! Innerweltleches geet iwwer dës Welt eraus, transzendéiert dës Welt a weist hin op Dimensiounen, déi net a Wierder oder a Biller ze faasse sinn. Oder méi poetesch, mam Goethe gesot: „Alles Vergängliche ist nur ein Gleichnis.“




...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners