RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Georges Hellinghausen, 23/12/2016


Listen Later

Chrëschtdag, dat ass d’Fest vum mënschefrëndleche Gott, dee wollt als Mënsch ënnert d’Mënsche kommen, fir hinne gutt gesënnt ze sinn. Dës wohltuend Frëndlechkeet gëtt ë. a. ausgedreckt an der Symbolik vum Liicht, dat d’Däischtert hell mécht. An dës Liichtsymbolik huet, entstehungsgeschichtlech, ze di mam Datum vum 25. Dezember. Wuel ass et de Gebuertsdag vum Jesus vun Nazareth, als Messias a Jong vu Gott, deen do gefeiert gëtt, awer et ass e fiktiven Datum. Do hu mir zu Lëtzebuerg jo Übung, gëtt dach och eisem Staatschef säi Gebuertsdag um fiktiven Datum vum 23. Juni, also Nationalfeierdag, begaangen.

Gleeft een Reliounswëssenschaftler, da grefféiert dat chrëschtlecht Fest vum 25. Dezember sech op dat aalt heednescht Fest vum „Sol invictus“, der onbesiigbarer Sonn, dat virun 2000 Joer op deem Datum gefeiert gouf. Well vun do un, no der Wantersonnenwende, ginn d’Deeg nees méi laang, d’Nuechte méi kuerz a setzt d’Liicht sech nei an ëmmer méi duerch.

Mat dësem Liicht, dat an d’Welt kënnt, hunn d’Chrëschten d’Gebuert vu Christus a Verbindung bruecht, nom Motto: Hien ass déi Sonn, déi opgeet am Liewen, an eisen Häerzer, fir se hell a waarm ze maan. Hien duerchbrécht all dat Däischtert, wat et an der Mënschheetsgeschicht gëtt.

Weder dat Sentimentaalt vun de Weihnachtslidder an d’Glühwäinromantik vun de Chrëschtmäert nach de Konsumrausch an d’Cadeaumanie sinn dat eigentlecht Markenzeeche vun dësen Deeg, och net de Festmenü oder déi romantesch Schnéilandschaft, dee erbäigetrellert soll ginn, mä d’Ursymbol Sonn, chrëschtlech ëmgedeit, mat der neier Liichtkalitéit, déi och an engem liichtbestëmmten, helle Liewe sech sollt reflektéieren.

Am Sonnekult waren Heedentum a Chrëschtentum sech nokomm. Esou wéi haut Chrëschtdag e Fest vun alle Mënschen ass, gleeweg oder net.

Chrëschtdag ass also net vum Himmel gefall, mä huet sech inkarnéiert an deem, wat et virfonnt huet. Dat seet eppes aus iwwer d’Fest selwer an déi Relioun, déi doraus entstan ass: sech inkarnéieren, d. h. Wuerzel schloen a Kultur a Gesellschaft an an der Geschicht vun den Äerdebewunner, esou wéi vum Jong vu Gott gesot gëtt, dass hien sech inkarnéiert huet, also mënschlecht Fleesch, mënschlech Gestalt ugeholl huet.

Stéchwuert „Mënschefrëndlechkeet“! Do fält mer e bekannte Saz vun engem Nopeschbëschof an, deen dat Humant vun deem Fest viséiert, wann e seet: „Mach’s wie Gott, werde Mensch!“
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners