Zënter enger gewësser Zäit schon gëtt et ëmmer méi Publikatiounen, Foren, Konferenzen a kulturell Manifestatiounen iwwer dat, wat Gleeweg an Netgleeweg matenee verbënnt. E rezent Buch vun Anselm Grün, Tomas Halik a Winfried Nonhoff heescht „Gott los werden? Wenn Glaube und Unglaube sich umarmen“ – e Plädoyer fir eng friddlech Begéignung tëschend Atheisten, Humanisten, Agnostiker a Gleewegen. Woubäi kloer gëtt: Atheiste kënnen och reliéis Erfarunge man a Gleeweg och d’Absence de Dieu erfueren. Glawen an Onglawe komme sech a verschiddene Gestalten no.
Mä méi wäert wéi all Publikatioun ass gemeinsamt Handelen. Doduerch dokumentéiere béid Lager, dass dat, wat si eent, méi grouss ass wéi dat, wat trennt – oder zumindest dass dat, wat trennt, net noutwendegerweis géigesäitegt Exkommunizéieren bedeit, nom Motto „Jiddereen a sengem Motzeck“, a fir de Rescht komme mer gutt laaschteneen.
Eng al bewärte Gelegenenheet, wou dëst Gemeinsamt zum Ausdrock kënnt, bitt sech un an dësen éischten Novemberdeeg. Do gi se all op de Kierfecht bei hir Doudeg, egal wat se gleewen oder och net. A si all bezeien: Eis Verstuerwen liewe weider, ob am Häerz vun deenen, déi zréckbliwwe sinn, oder an engem Au-delà, deen d’Reliounen beméit sinn opzeweisen. Iwwert all weltanschaulech Grenzen eraus verbannen eis Doudeg äis mateneen an de Famillen an a Bekanntekreeser bis haut. Jo, si féieren äis op de Griewer nei zesummen. Esou wéi och an eise Griewer selwer Gleeweger an Ongleeweger friddlech niefteneen leien.
A senger Enzyklika iwwert d’Hoffnung hat de Poopst Benedikt XVI. geschriwwen, andeems en d’Perspektiv vum éiwege Liewen uschneid: Léift geet bis eriwwer an dat anert Liewen, mir kënnen äis iwwer d’Grenz vum Dout géigesäiteg eppes ginn a matenee verbonne bleiwen. A wie vun äis hätt net d’Bedierfnes, deenen, déi äis léif waren a vun äis gaange sinn, en Zeeche vun Dankbarkeet, Guttheet oder och Versöhnung nozeschécken? „Un d’Häerz vun deem aneren ze réieren, ass ni ze spéit an ni ëmsoss.“
Si net eis Blummen a Stäck, mat deene mer Griewer, Urnen a Streewise fir Allerhellgen rëschten, de Seegen, dee mer iwwert e Graf maachen, de Gedanken oder dat Gebied, dat mer fir eis Verstuerwen opbréngen, e Gest vun dëser häerzlecher Verbonnenheet – mat hinnen, an awer och ënnerteneen mat äis? En Ausdrock vun eisem Häerz, dat weider fir si schléit – an och, an der beschter Hypothes, fir äis géigesäiteg?
Georges Hellinghausen