RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Gilles Hempel, 04/12/2017


Listen Later

Säit Joerzéngte gëtt zu Lëtzebuerg den « accès à la propriété » massiv mat Steiergelder gefördert.
Och am sog. soziale Wunnengsbau ass haaptsächlech gebaut gi fir ze verkafen. D’Société Nationale des Habitations à Bon Marché (SNHBM) huet zanter hirem bal honnertjäregem Bestoen iwwer 9000 Wunnenge gebaut an huet déi quasi all verkaaft. Just eng 170 Unitéiten hunn sie als sozial Mietwunnengen an hirem Patrimoine behalen.
An och de Fonds du Logement huet quasi d’Halschent vun all senge Wunnenge verkaaft.
An d’Gemengen , wann sie da mol eppes gebaut hunn, da war et sougudd wéi ëmmer fir de Verkaaf, mat der nobeler Ausnam vun der Stad Lëtzebuerg an der Stad Esch, déi sech ëmmerhin jeeweils ee Park vun en puer honnert soziale Mietwunnengen opgebaut hunn.
D’sozial Mietwunneng ass d’Stéifkand vun der Logementspolitik vun de leschte Joerzéngten. Si meescht knapps 2% vun eisem ganze Wunnengspark aus. An anere Länner sinn et der mol gutt a gären 20 bis 30%. Mee virwaat ass dat esou? Ass et Zoufall? Oder stécht do villäicht eng sougenannten « hidden agenda » dohannert?
Et wier an der europäescher Geschicht net déi éischte Kéier.
Wéi d’Margrete Thatcher am Laf vun hirer éischter Legislaturperiod ganz schlecht Sondagen hat, an d’Tory’en riskéiert hunn déi nächst Wahlen ze verléieren, do hat sie eng genial Idee. Zu dem Moment huet an England d’Aarbechterklass majoritär a staatleche Mietwunnenge gelieft an huet traditionell Labour gewielt. D’Margrete Thatcher ass dunn higaangen an huet deene Labour-Wieler d’Méiglechkeet ginn, fir déi Sozialwunnengen ze kafen, an deenen si gewunnt hunn. Déi hunn dunn all en decke Prêt gemaach, a si Propriétaire ginn. An vun haut op muer waren si Quelqn. Si ware lo stolz Propriétairen an sie haten op eemol eppes ze verléieren: hiert Eegentum. D’Magrete Thatcher huet déi nächst Wahlen héichhaus gewonnen.
Een anert Beispill ass Wien. „Das rote Wien“. Do ass all bal al zweet Wunneng eng sozial Mietwunneng. D’Stad Wien ass dee gréisste Vermieter an Europa a gëtt säit eh und je sozialdemokratesch regéiert. An nach ëmmer war dat deene Konservativen een Dar am Aen. Dat ass souwäit gaangen, dass am Austrofaschismus ënner dem Engelbert Dollfuß souguer mat Kanounen an de soziale Wunnengsbau geschoss ginn ass.
Zeréck zu Lëtzebuerg kann een sech also froen inweiweit den héijen Taux vu Propriétairen an déi politesch Dominanz vu liberalen a konservative Kräften zesummen hänkt?
Zoufall oder politesche Kalkül?

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners