Op ville Platzen hei am Land sinn am gaange grouss a modern Wunnquartier’en ze entstoen. Déi eng gi scho gebaut. Déi aner sinn an der Planung:
Zou Esch de Belval, zou Déifferdeng Opkorn, zou Diddeleng d’Neischmelz an zu Wolz, de neie Quartier : Wunnen mat der Wolz.
Desen Wunnraum gëtt dringend gebraucht. Op munche Platzen, mee net iwwerall, sinn och ee gudden Deel sozial Mietwunnengen derbäi.
Et kann een dovun ausgoen, dass déi Wunnengen, déi do op deenen alen Industriefrichen entstinn, ee gudde Standard wäerten hunn an och energetesch um leschte Stand wäerte sinn.
Wann een sech dann awer verschidden eeler Quartieren an deene selwechten Gemengen ukucke geet resp. hire Stad-Kär, da stellt ee fest, dass déi net iwwerall an engem terribel gudden Zoustand sinn. Vill Gebaier sinn al a faul bannendran. Et stinn der och eng ganz Partie eidel. Iwwer Energieklass brauche mir a ville Fäll guer net ze schwätzen. An och baussent den Dieren ass do et net iwwerall immens schéin.
Et ass gutt a wichteg, déi al Industriefrichen ze sanéieren an do neie Wunnraum drop entstoen ze loossen. Mee sollte mer da net och déi al Quartier’en an eise Stied sanéieren. Domat mengen ech net alles ofrappen an nei Këschten dohistellen. Mee souwäit wéi méiglech de Patrimoine konservéieren an domat de Charme an d’Identitéit vun deene Staddeeler erhalen.
Am Gesetz vun 1979 iwwert d’Aide au Logement gëtt et ee ganz interessant Kapitel iwwert Quartiers-Sanéirung. De sougenannte „Assainissement par zone“. Dat Gesetz gëtt de Gemengen d’Méiglechkeet een Deel vun hirem Territoire als „Zone d’assainissement“ ze deklaréieren. An dem Fall sinn d’Propriétairen ugewisen déi Gebaier innerhalb vun engem Joer ze sanéieren. Wann se dat net maachen, da kann d’Gemeng higoen, an déi néideg Aarbechte selwer an Optrag ginn. Sollt sech erausstellen , dass een Immeuble net méi ze recuperéieren ass, kann d’Gemeng souguer hindoen an dat Gebai ofrappen an eppes Neies dohinner bauen. De Staat iwwerhëlt an béide Fäll bis zou 50% vun de Käschten. Duerno ass d’Gemeng berechtegt, dat renovéiert Gebai soulaang ze engem sozialen Tarif ze verlounen, bis sie hiren Invest amortiséiert huet.
Mat dem Gesetz hunn d’Gemengen deemno ee ganz flott Instrument mat dem se kenne à la fois hir al Quartier’en sanéieren an dobäi och nach soziale Wunnraum schafen.
Mee an deene bal 40 Joer wou et dat Gesetz elo gëtt, hat awer nach keen de Courage, esou ee Projet duerchzezéien.