RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Gilles Hempel, 10/05/2017


Listen Later


Laut enger Etude vum Logementsministère ginn et hei am Land bal 1000 Hektar
Baulücken, also 1000 Hektar Land matten am Bauperimeter wou direkt kéint drop
gebaut ginn. 95 Prozent dovun sinn awer an der Hand vu private Spekulanten. An déi
hunn keen Interêt dorun, dat Land ze verkafen, fir dass do kenne Wunnengen drop
gebaut ginn. Op der Bank kritt een am Moment nämlech keng Zënsen.
Déi räich Leit wëssen dofir och insgesamt net méi wouhi mat hirem ville Geld. A well
Geld sech jo scheinbar muss vermehren, zu ëmmer an ëmmer méi. Dofir gëtt elo och
ëmmer méi an den Immobiliëmarché investéiert.
A priori kéint een sech jo doriwwer freeën. Et gi jo dausende Wunnenge gebraucht.
Mee wann privat Kapital an Immobilien investéiert gëtt, dann entsteet dobäi awer net
zwangsleefeg ëmmer neie Wunnraum. Wéi ass dat ze verstoen? Ma ëmmer méi Leit, déi
Geld zevill hunn, investéieren dat quarément an de Leerstand.
Si kafen z.B. Wunnenge fir se ganz bewosst während 10 Joer eidel stoen ze loossen an se
duerno mat Gewënn als première occupation rem zeverkafen. Bei de steigende Präisser
hei zu Lëtzebuerg ee séchert a profitabelt Geschäft.
Ëmmer méi populär gëtt och de sougenannte Landbanking. Dat ass ee Businessmodell,
wou Bauland als laangfristeg Kapitalanlag genotzt. Hei keeft een Investisseur ee
Grondstéck am Bauperimeter -mam Virsaz- fir et ganz bewosst net ze bebauen. Mee fir
et während Joren oder Joerzéngte brooch leien ze loossen. An et dann iergendwann mat
vill Benefice erëm ze verkafen. Doduerch, dass dat Bauland dem Wunnengsbau
virenthale gëtt, kennt et zu enger zousätzlecher Verknappung um Immobilienmarché,
wat d’Präisser nach méi a Luucht dreift.
Mir mussen eis als Gesellschaft froe ob mir sou Praktiken wëllen toleréieren. Ob mir et
kënnen zouloossen, dass eng kleng Finanz- an Immobilienoligarchie sech op Käschte vun
enger ganzer Bevölkerung beräichert.
Wou huet d’Fräiheet vum Proprietaire seng Grenzen?
Et gouf Zäiten do huet de Staat als sougenannten Nachwächter missen den Eegentum vu
senge Bierger beschützen. Haut muss de Staat seng Bierger virun der Gier vu sengen
Eliten beschützen? An dat ganz besonnesch am Logement.
Daat war eng Carte Blanche vum Gilles Hempel, Soziolog an Direkter vun der Agence
Immobilière Sociale.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners