RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Gilles Hempel, 14/07/2017


Listen Later


Fräiheet


Ëmmer méi Leit hei zu Lëtzebuerg hunn et schwéier fir sech eng anstänneg Wunneng ze leeschten. An déi ënnescht Schichte vun eiser Gesellschaft si quarément ausgeschloss vum Immobiliëmarché. Sie brauchen sech do net ze weisen. Sie sinn net Wëllkomm. Weder bei de Propriétairen nach bei den Agencen. Sie ginn diskriminéiert, well sie aarm sinn.
Wunnen ass awer ee fundamentale Besoin. Ee Mënscherecht. Esouguer een Imperativ:
Et kann een net, net wunnen. Et kann et net dorop verzichten.
Dofir ass et menger Meenung no eis moralesch Flicht, jiddwerengem eng anstänneg Wunneng ze erméiglechen?
Mee wéi schreift de Berthold Brecht: „Erst kommt das Fressen, dann die Moral“.
An d’Immobilienhaien, déi hunn ee groussen Honger. Déi kréien den Hals net voll genuch. Op déi kenne mer net zielen. Déi kenne keng Moral, mee sie kontrolléieren de Marché. De sougenannten freien Marché.
Ech verstinn éierlech gesot net vu wat fir enger Fräiheet do ëmmer geschwat gëtt bei dem freien Marché. Fräiheet ass jo an sech eppes genuin Positives. Eppes woufir et sech ze kämpfe lount. Mee a Verbindung mat Marché a virun allem mat Immobiliëmarché  hannerléisst dat Wuert Fräiheet bei mir esou ee batteren Nogoût am Mond. Do ass iergendeppes faul drun.
Wat ass dat fir eng Fräiheet? Eng Fräiheet, déi dozou féiert, dass déi eng ëmmer méi räich an déi aner ëmmer méi aarm ginn. Ass esou eng Fräiheet erstriewenswäert? Schützenswäert?
Oder kenne mir eis déi schenken? Ass déi wirtschaftsliberal Fräiheet net just eng semantesch Mogelpackung? Eng arglistesch Täuschung vun deenen, déi gutt doru verdéngen, un der Fräiheet, un dem Liberalismus?
Wann mir de Logementsproblem zu Lëtzebuerg wëllen an de Greff kréien, da komme mir net derlaanscht eise liberale Wirtschaftsmodell diesbezüglech a Fro ze stellen. Dann musse mir d’Reegelen um Immobilien-Marché fundamental änneren an den Droit de la Propriété ganz nei definéieren. Dann musse mir hei Ännerunge vu revolutionärem Charakter duerchsetzen.
Déi Fräiheet musse mir eis huelen.


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners