RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Gilles Hempel, 19/11/2018


Listen Later

Aktuell hunn mir zou Lëtzebuerg zwee grouss ëffentlech Bauträger: D’SNHMB mëscht säit jeehier ee ganz gudde Job an och de Fonds du Logement schéngt sech ënnert neier Führung esou lues erëm ze erkréien. Si hunn Allenzwee grouss Projete fir déi nächste Jore geplangt. D’SNHBM baut zou Kehlen ee super innovative Projet mat iwwer 800 Wunnengen an de Fonds du Logement huet gleich zwee esou grouss Projet’en an der Pipeline: Een zu Diddeleng an een zou Wolz. Domat wäerten déi zwee ëffentlech Promoteur awer fir déi nächste Joren zimlech ausgelaascht sinn. Mee net nëmmen sie. Och bei de Baufirmen an den Handwierker fänkt et un enk ze ginn. De Projet Elmen vun der SNHBM muss an dräi Phasë gebaut, well net genuch Baufirmen disponibel si fir alles beieneen ze bauen. An och zou Diddeleng an zou Wolz wäert musse ganz lues step by step gebaut ginn, well Bauaarbechter feelen. An och keng neier méi op Lëtzebuerg kommen.
Vun dem Loun, deen een do kritt, kann een sech et nämlech net méi leeschte fir hei zu Lëtzebuerg würdeg ze wunnen. De ganzen Dag um Chantier malochen, fir dann Owes an engem schmuddelege Cafészëmmer ze hocken. Fir esou ee Liewe kommen ëmmer manner Leit op Lëtzebuerg. Mir si mëttlerweil an engem richtegen Däiwelskrees ukomm: Mir hunn keng abordabel Wunnenge fir déi Leit ze logéieren, déi eis déi nei Wunnenge baue sollen.
Wéi solle mir deen historesche Retard vun deenen 30.000 feelende Sozialwunnengen ophuelen, wann kee kennt fir eis se ze bauen?
Villäicht musse mir ganz nei Weeër goen an eis vun der klassescher Bauweis verabschiden. Op allen Fall brauche mir onbedéngt nach mindestens een zousätzleche Bauträger. Deen neien Acteur kéint sech dann op de Modulbau spezialiséieren. Bei der Approche gi Wunnengen a Form vu Moduler an enger Fabrick komplett fäerdeg produzéiert. Clef en main. Mat Kichen, Buedzëmmer, fäerdeg ugestrach, usw. Mir kéinten déi Modulen am Ausland produzéieren an dann hei opriichte loossen. Lokal brauch een dofir ganz wéineg Manpower.
Déi Modulen hunn hautdesdaags een Komfort, deen enger klassescher Bauweis an naicht méi nosteet. Och energetesch sinn si um neiste Stand. Ee karéierten Urbanist kéint sech villäicht un der quadratescher Ästhetik stéieren. Mee soss gëtt et eigentlech keen Argument dogéint.
Ob eis am Logement d’Quadratur vum Däiwelskrees gelénge wäert, steet haut nach an de Stären. De Modulbau géif eis awer schonn ee gutt Stéck weiderbréngen.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners