Den 1. Februar huet dat britescht Parlament mat grousser Majoritéit säin OK fir de Brexit ginn. Déi
britesch EU-Géigner sinn un hirem Ziel ukomm an kennen sech feieren loossen.
Ma och hei zou Lëtzebuerg, sou héiert een, ass wéinst dem Brexit schonn déi eng oder aner Fläsch
Cremant opgemaach ginn.
Vill Firme mat Setz zu London hate jo ugekënnegt, am Fall vum Bexit d’Insel ze verloosse fir sech um
Kontinent eng nei Heemescht ze sichen. Seitdeem buhlen d’Wirtschaftspolitiker em d’Gonscht vun
deene Firmen a probéieren si an hier Wirtschaftszentren ze lackelen. Un vorderster Front: Dublin,
Frankfurt an och Lëtzebuerg.
„Let‘s make it happen“ soten sech eise Finanzminister an eise Wirtschaftsminister a sinn op London
gepilgert fir do Reklamm fir eist Ländchen ze maachen. Dat an der Hoffnung, dass och en puer vun
deene Betriber bei eis op Lëtzebuerg kommen...fir hei Steieren ze bezuelen an Aarbechtsplazen ze
schafen. A priori eng gutt Initiativ.
Mee hunn mir dann iwwerhaapt déi richteg Leit hei zu Lëtzebuerg fir an deene Beräicher ze
schaffen? Oder mussen déi Betriber net awer hiert Personal matbréngen, wann si op Lëtzebuerg
kommen. Virun 2 Wochen ass eng nei Regelung decidéiert ginn, déi virgesäit, dass héich
qualifizéiert Aarbechtskräften a räich Investisseuren aus Drëttstaaten sech elo ganz einfach hei bei
eis kennen nidderzeloossen. Honi soit qui mal y pense.
Ech froe mech, wouhin dann elo all déi Kaderen, Investmentbanker an IT-Spezialiste wunne ginn,
wann si op Lëtzebuerg schaffe kommen. Héich Loyer’en sinn si jo scho gewinnt. Zu London sinn
d'Wunnengspräisser nach en bësse méi dekadent wéi bei eis. Mee sou Leit kréien nieft hiren héije
Salairen, meeschtens nach eppes vum Patron bei de Loyer bäigeluecht. Wahrscheinlech en gudde
Batz méi wéi eng elengerzéiend Mamm als „Subvention de Loyer“ bei hire Mindestloun bäigeluecht
kritt.
Zu Lëtzebuerg wunnen, ass fir den normale Bierger elo schonn net méi ze bezuelen. Musse mer da
wierklech nach selwer aktiv zousätzlech Leit mat decke Porte-Monnien op Lëtzebuerg lackelen, déi
dann d‘Wunnengspräisser nach weider an d’Luucht dreiwen?
Déi Präisser erginn sech jo bekanntlech aus engem Zesummespille vun Offer an Demande. Trotz
ganz remarkabelen Effort’en an deene leschte Joren, komme mir bei der Offer just ganz lues virun.
Mir mussen dowéinst ufänken eis och mol Gedanken doriwwer ze maachen, wéi mir d’Nofro besser
reguléiert kréien.
Dat war eng „Carte Blanche“ vum Gilles Hempel