-----------------------------------------------------------------------------------------------------------------------
Wann mir der Wunnengsnout wëlle meeschter ginn, da brauche mir Terrain’en fir drop ze bauen. Mee déi, déi op dem knappe Gutt setzen, wëllen en net hier ginn. Mol net fir vill Suen. Well si mengen, dass si muer oder iwwermuer nach méi Sue fir hier Terrain’en kréien. Fir hei déi néideg Expropriatiounen duerchzesetzen, fehlt et leider un politeschem Courage.
Ech hunn mech gefrot ob et dann net eng aner Méiglechkeet gëtt fir un déi Terrain’en ze kommen?
Bei menge Recherchë sinn ech dunn op ee Konzept gefall, wat zu fréieren Zäite bei Hongersnout ugewannd ginn ass. Oft, no schlëmme Kricher, wann d’Leit naicht méi ze iessen haten, well vill Felder braach louchen. Dat, well vill Baueren am Krich gefall waren an d’Erbfolge nach net gekläert wor. Dunn ass een higaangen an huet déi Felder un een anere Bauer zwangsverpacht, deen si da bewirtschafte konnt. Sou ass deemools d’Hongersnout bekämpft ginn.
Lo hunn mir zu Lëtzebuerg keng Hongersnout, mee Wunnengsnout. An dofir géif ech gären doriwwer diskutéieren, op een dee Model vun der Zwangsverpachtung net och kéint benotze fir d’Wunnengsnout ze bekämpfen.
Konkret kéint dat folgendermoossen ausgesinn:
Een ongenotzte Bauterrain gëtt, no enger vernünfteger Frist, un een öffendleche Bauträger zwangsverpacht. Do ginn dann Wunnengen drop gebaut an zou gënschtege Konditioune verlount. Den Terrain selwer bleift am Besetz vum Proprietaire, deen och weiderhi vun der Plus-value profitéiert. Well doremms geet et him jo. Zousätzlech kritt hien eng jäerlech Pacht, vun deem, deen säin Terrain entwéckelt. Hien kann säin Terrain och weiderhin zou all Moment verkafen. Entweder um freien Marché oder direkt un säi Pächter, deen him garantéiert, den Terrain zu all Moment zum übleche Marchéespreis ze kafen. De Proprietaire steet duerch déi Mesure also besser do wéi virdrun a kann sech net beschwéieren.
D’Zwangsverpachtung vu Bauterrain’en ass deemno ee Konzept vun deem jiddweree profitéiert. De Proprietaire kritt een zousätzleche Revenu. De Staat an d’Gemenge kréien déi néideg Bauterraien’en an d‘Leit dobaussen eng gënschteg Wunneng.
--------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------