RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, J-L Schlesser, 14/09/2018


Listen Later

No de Juncker-Joren, wou just ee Punkt um Agenda stoung, nämlech deen un der Macht ze bleiwe, war et fir rout, blo a gréng net besonnesch schwéier ze verspriechen alles anescht a besser ze maachen. Dobäi koum onerwarten Hëllef vun enger gudder wirtschaftlecher Konjunktur. Ee wéi de Pierre Gramegna, zum Beispill, deen iwwert eng verstoppte Säitendier an d’Regierung koum, sollt eisern spueren an all Cent dräimol emdréien ier hien en ausgëtt. Well dat op eemol net méi sou noutwendeg war ass hien zum erfollegräichen Affekot vun eise plus ou moins louche Steiertricksreieen avancéiert.

E Problem fir d’Koalitionäre – besonnesch am Ufank - war datt de jonke Premier am Fong e bessere Stater Buergermeeschter wéi e Chef vun der Exekutiv war. Dofir hat de Jang Asselborn mat senger internationaler One-Man-Show op de Weltbühn ëmsou méi Erfolleg.

E Mann mat Heldestatus, de Claude Meisch, koum vun Déifferdeng. Hien huet et fäerdeg bruecht e System, un deem sech all Minister säit dem Marc Fischbach virun drësseg Joer d’Zänn ausgebass huet, auszetricksen. Datt hien dobäi och zimlech vill Duerchernee gemaach huet ass scho bal selbstverständlech.

Eng Rei al Kämpfer hun d’Handduch gehäit. Den treien Parteizaldot Roger Negri vun der LSAP, deen am zaarten Alter vu 64 Joer mat der Politik ophält. D’Pressefotografe wäerten nach laang un hien denken an hie schmärzlech vermëssen.  

Beim Paul-Henri Meyers ass d’Situatioun anescht. Bis 81 Joer stoung de Mann mam apaarte Virnumm am Déngscht vum Land a vu senger Partei. Allerdéngs konnt ee mengen hie wär an der falscher Partei well hien oft méi progressiv wéi seng äerzkonservativ an opportunistesch Parteifrënn war. Ech wollt him scho virschloen dach eng republikanesch Partei ze grënne well hie manifestement mat eiser Monarchie oder eisem Monarch net vill um Hutt hat.

Et kënnt, esou ass unzehuelen, nawell nei Blutt an di nächste Chamber. Wann di vill Kandidaten di et scho gewinnt sinn e Mikro vun der Nues ze hunn an d’waarm Luucht vun de Projekteren ze spieren all gewielt ginn da kréie mer e Parlament vu ville Leit di an iergendenger Form mam Showbusiness ze din haten, wann een dann dëse Sender zum Showbusiness zielt. Egal wéi schéngt RTL de Gewënner ze ginn, villäicht esou guer wat deen een oder deen aanere Ministerposten ugeet. Bei de Parteie schéngt d’Aarbechterpartei LSAP di gréissten Attraktioun fir d’Leit aus dem Rampeliicht ze hunn, mat der DP als noen Zweeten. CSV lappt do, a bei de Gréngen ass et net vill besser, vun de Lénken net ze schwätzen. Esou d’ADR konnt – erstaunlecherweis - e couragéierten RTL-Mann u Land zéien.

Iwwerhaapt d’ADR,  mat hirer Filial, der virtueller Facebook-Partei, där hire Chef nach ëmmer mengt hie wär ganz eleng fir di 80 Prozent géint Auslänner-Walrecht zoustänneg.  Eppes muss een de Komeroden aus dem riets-rietsen Eck nämlech zougestoen: si hu Kandidaten di an enger anerer Partei ni op eng Lescht komm wären.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners