A Saache Liewensqualitéit an den ëmmer méi grousse Risike fi eis Ëmwelt a Gesondheet si mer an de vergaangenen zwou bis dräi Wochen op en Neits mat enger Rei vun alarméierenden Norichten a Fakte konfrontéiert ginn.
Datt mer dëst Joer elo scho fir d’zweet gewarnt hu misse ginn, net am Stauséi ze schwammen an och keng Fësch dorausser z’iessen wéinst gëftege Bloalgen, - Resultat vu jorzéngtelaanger Iwwerdüngung vun eisen Agrarflächen an enger grad esou laanger CSV-Agrarpolitik-, dat ass scho bedenklech!
Mee nach vill méi alarméirend ass dat, wat sech zu Bréissel schon zanter Wochen ronderëm de Glyphosat am Roundup, dem gëftegen Herbizid vu Monsanto, ofspillt. Während Ëmweltschützer an onofhängeg Wëssenschaftler a Mediziner weltwäit, an esouguer den IARC, dat offiziellt Forschungsinstitut vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO viru wahrscheinleche Kriibsrisiken an anere Gesondheetsgefore warnen an endlech en direkte Verbuet vum Glyphosat fuerderen, versicht dem Här Juncker seng EU-Kommissioun, versichen och déi dominéirend politesch Fraktiounen am EU-Parlament, virun allem sougenannt Chrëschtdemokraten, Chrëschtlech-sozialer a Konservativer, de Glyphosat am Intérêt vun de Profitinteresse vu Monsanto a Bayer nach 5 bis 7 Joer um Marché ze loossen, mat alle prévisiblen ëmwelt- a sanitäre Konsequenzen.
Et ass bekannt a wëssenschaftlech unerkannt, datt de Gros vun de weltwäit agesate Pestiziden toxesch si fir Mënsch an Natur, a beim Mënsch och a klengsten Dosen als Kriibs- Hormon- oder Nervegëfter wierken, an dat schon am Mammebauch a virun allem bei Bebéën a Kanner.
Dës Pestizidgëfter fënnt een an der Tëschenzäit iwwerall: an der Loft, am Reewaasser, am Buedem an an de Planzen an a villem, wat mer all Dag iessen. Eng intensiv an industrialiséiert Landwirtschaft an Europa ass ouni Zweifel d’Haaptursaach vun dëser nefaster Entwécklung.
Virun e puer Deeg ass elo och bekannt ginn, duerch eng nei wëssenschaftlech Etude an der renomméierter Wëssenschaftszäitschrëft Plos One, datt Pestiziden, virun allem d’Kategorie vun den Neonikotinoiden, responsabel wieren fir en dramatescht Ausstierwe vu Beien, Bommelen, Päiperlécken, anere Bestäuberinsekten oder och vu Villerchersaarten. An der Moyenne wieren hir Populatiounen an de leschten 30 Joer ëm iwwer 79% an der EU zeréckgaangen. Och dat mat de prévisiblen dramatesche Konsequenzen!
Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer, sidd där net och mat mär der Meenung, datt elo endlech an definitiv misst Schluss gemaach gi mat där aktueller konservativer, reng industrieorientéierter EU-Agrarpolitik, déi all eis Liewensgrondlagen op d’Spill setzt a gläichzäiteg den europäesche Bauere keng wierlech sozial an ekonomesch Iwwerliewensperspektive méi bidd? Positiv Alternativë leien zanter Joren um Dësch!