Nach an dësem Mount Oktober soll nom Wëllen vun der EU-Kommissioun a vum Här Juncker den hefteg ëmstriddenen Fräihandelsvertrag Ceta mat Kanada ofgeschloss ginn an esouguer schonns provisoresch Akraafttrieden, an dat
- Obschonns nach eng ganz Parti inhaltlech a juristesch Froen ongeléist bleiwen
- Dat nach ier d’Parlamentarier déi komplett Texter konnten analyséieren an diskutéieren
- An dat och obschonns déi gesamt national wéi europäesch Zivilgesellschaft géint dëst skandaléist ontransparent an ondemokratescht Virgoen protestéiert.
Léiw Nolauschterinnen an Nolauschter
Trotz allen beschwichtegenden Argumenter oder Pseudoargumenter vum Här Asselborn an aneren Politiker ass fir mech 100% kloer, dass déi 2 grouss Fräihandelsverträg Ceta mat Kanada an TTIP mat den USA eenzeg an alleng den Interessen vun deenen gréissten internationalen Industrien a Banken op beide Säiten vum Atlantik entspriechen.
Duerch nei Bestëmmungen a Regelungen a béiden Fräihandelsverträg riskéieren nämlech vill dringend noutwendeg Verbesserungen um Gebid vun Ëmwelt- a Gesondheetsschutz oder vun Léin a sozialer Sécherheet verhënnert, op Joeren eraus ausgebremst oder verwässert ze ginn.
Déi ëmstriddenst nei Bestëmmungen sinn dobäi sécherlech d’Klorechter vun groussen auslänneschen Konzerner virun sougenannten Investoren-Schutz-Tribunaler géint Staaten, Regiounen oder Gemengen mee och e neien an total ontransparenten sougenannten „Regulatoreschen Koordinatiounsrot“ tëschent der EU a Kanada oder den USA, den schonn am Virfeld iwwert nei gesetzlech Initiativen a Regelungen soll beroden, an dat, ier déi demokratesch gewielten Volleksvertrieder doriwwer iwwerhaapt informéiert ginn.
An der Kritik vun der Zivilgesellschaft steet berechtegterweis och de Risk, dass eisen souwisou nach relativ schwaachen europäeschen Virsuergsprinzip tendenziell a Fro gestallt gëtt oder dat eng Rei vun absolut schwammegen juristeschen Begrëffer, gréisser Risiken fir eis ëffentlech „Services public-en“ an eis Liewensqualitéit kennen duerstellen.
Dat alles wéi gesot, eenzeg an alleng am Profitintérêt vun all deenen groussen Konzerner aus Agrar-, Chimi-, Auto-, Pharma- a Finanzindustrie, déi eis an den vergaangenen Joren bekanntlech ëmmer erëm belunn an bedrunn an een Skandal op den aneren produzéiert hunn.
Léiw Nolauschterinnen
Aus laangen politeschen Erfahrungen wësse mer och, dass all déi nei Verspriechen vun Wirtschaftswuestum, vun méi Aarbechtsplazen, vun méi héijen Léin a méi Wuelstand, déi duerch Ceta an TTIP sollen méiglech ginn, net nëmmen op ganz wackelegen Féiss stinn, am Géigendeel duerch nei Fusiounen oder Produktiounsverlagerungen op béiden Säiten vum Atlantik wäerten Konzentratiounen a Rationaliséierung vun der Produktioun zouhuelen an éischter zu Arbeschtsplazverloschter a Präkariséierung vun der Aarbecht feieren.
Dofir léif Nolauschterer
Plädéieren ech haut, esou laang all dës Risiken am Raum stinn, fir e kloren NEE zu Ceta an TTIP!
An dofir wäert ech och dësen Samschden ab 10 Auer, hoffentlech zesummen mat ville vun Iech, géint Ceta an TTIP an der Stad manifestéieren.