Ronn 10 Joer nom Banken- a Finanzcrash vun 2008, de vu kriminellen neoliberale Bankieren, Hedge-Fongen a Finanzoligarche verschëlt gi war, stescht d’Europäesch Unioun nach ëmmer an enger déiwer wirtschaftspolitescher a sozialer Kris.
Mä obschonns déi dereguléiert Finanzmarchéë mat all hiren onseriéise Kredit- a Spekulatiounsgeschäfter d’Haaptursaach vun der bis haut unhalender Wirtschaftskris waren an och bleiwen, hunn déi dominéirend konservativ neoliberal a sozialdemokratesch politesch Elite vun der EU keng oder just falsch Léieren aus dëser schlëmmster Kris zanter 1929 gezunn:
D’Finanzmarchéë goufe kaum oder jiddefalls ongenügend nei reguléiert, esou dass haut de ganze Finanzspekulatiouns-Casino mat héich riskante Finanzblose monter weiderdréit. An ënnert der Dominanz an dem Diktat vun dem sougenannte „Eurogrupp“ a speziell dem däitsche CDU-Finanzminister Schäuble gouf de Länner vun der europäescher Unioun, an net nëmmen de Griichen oder de südlechen Euro-Länner, iwwert en absolut rigiden Stabilitéits- an Fiskalpakt eng desastréis Spuer- an Austeritéitspolitik diktéiert, déi bis haut vill Chômage, speziell Jugendchômage a wuessend Aarmut bewierkt huet. Mat als politesch Konsequenz d’Stäerkung vu rietspopulisteschen an antieuropäesche Bewegungen!
Mat dëser falscher an onsozialer Politik muss endlech, géint de Schäuble a seng konservativ Acolytten Schluss gemaach ginn, fir dat de fehlorientéierten EU-Projet net definitiv auserneenbrecht!
Et gi ganz kloer Alternativen, formuléiert vum Europäesche Gewerkschaftsbond, vu keynesianeschen Ökonomisten oder vu gréngen a lénke Politiker.
Dës global a realistesch Alternative baséieren, just a Stéchwierder, op folgenden noutwennegen Haaptschwéierpunkten:
1. Eng schrëttweis erfolgend Neireguléierung vum Bankwiesen an de Finanzmarchéen. Banke sollen erëm der realer Wirtschaft an der Bevëlkerung déngen.
2. Eng Neiorientéierung vun der EU-Politik ewech vun aggressiver Steier- a Loundumpingspolitik a vu staatlecher Austeritéitspolitik, déi allen Memberstaaten zu gutt kennt.
3. Staark Lounerhéijungen a sozial Verbesserungen net alleng, mä virun allem an laangjärege Loundumpingslänner ewéi Däitschland, fir dat do déi europäesch Importer kenne klammen an et europawäit zu mei equilibreierten Aussenhandelsbilanze kennt.
4. En schrëttweisen an deelweise Scholdeschnëtt zu Gonschte vun hoffnungslos verschëlten EU-Staaten, fir och do eng wirtschaftlech Reprise méiglech ze maachen.
5. A schlussendlech e neien a globalen ekologesch orientéierte Marshall-Plang, en Green New Deal fir Europa, fir den noutwendegen ekologeschen an energiepoliteschen Ëmbau an d‘Moderniséierung vun ëffentlechen Infrastrukturen an d’Weeër ze leeden an doriwwer och de Chômage an d’Aarmut ze bekämpfen.