RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Jean Huss, 19/04/2017


Listen Later

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
E puer Deeg virun de franséische Présidentiellen an dono de franséische Legislativwahlen, a ronn 4 Méint virun den däitsche Bundestagswahle stécht d’Europäesch Unioun an enger déiwer, jo existenzieller Kris.
Dës Wahle wäerten ouni Zweiwel mat decisiv dofir sinn, ob d’EU ëmmer méi zerfält oder ob et endlech zu engem positiven Neiufank ka kommen.
D’Risiken an d’Menacë si bekannt:
Mä et sinn net eleng nationalistesch a rietsextrem Bewegungen a populistesch an autoritär Politiker wéi Erogan oder Trump vu baussen, oder Orban, Kaszynski, Petry an Le Pen an der EU selwer. Grad esou negativ sinn och all déi Konservativ a liberal politesch Elitten zu Bréissel an an esou munchen nationale Regierungen.
Trotz hirer total gescheiterter neoliberaler Politik wëllen des europäesch Elitten aus EU-Kommissioun, EZB, Troika an Eurogrupp weidermaache wéi bis elo, ouni Récksiicht op all déi demokratesch, sozial an ekologesch Schied, déi hir Politik bis haut schonn ugeriicht huet an déi Europa ganz geschwënn scho widdert d’Mauer wäerte fueren.
Léif Nolauschterinnen a Nolauschterer
Et ass kloer, dat weder e Réckfall an Nationalissem an national Grenzen nach en elitären Wieder-esou eng Léisung vun de Problemer kennen bidden.
Déi néi proeuropäesch Geigebewegung „Pulse for Europe“, déi zanter kuerzem a villen europäesche Stied géint Nationalissem a fir Europa manifestéieren, ass dofir vun hirem Usaz hir ze begréissen.
Fir d’EU awer wierklech efficace géint Rietsextremismus a Populismus kennen ze verteidegen, misst et dofir awer endlech zu déifgräifenden Ännerungen a Verbesserunge vun der bishereger Politik a vun de bestoenden europäeschen Traiteen kommen: éischtens ewech vum eesäiteg ultraliberalem Dogma vun onageschränkter Konkurrenz tëschent de Staaten, wou vun haaptsächlech dem Här Schäuble seng Politik an déi grouss däitsch Exportindustrië profitéieren. D’EU muss zweetens endlech och ewechkomme vun der onsozialer an
onsolidarëscher Austeritéit a vu falscher Dereguléierungs- a Privatiséierungspolitik. An drëttens brauche mer dringend vill couragéiert Mesuren, fir am Interêt vun eise Kanner a Kandskanner eise Klima an Ëmwelt a Gesondheet kenne méi wierksam ze schützen.
Léif Nolauschterinnen a Nolauschterer,
Dës noutwendeg Verännerunge wäerten a Frankräich net vu Fillon, Le Pen oder Macron ausgoen an an Däitschland net vum Schäuble, Merkel an hire bayreschen Accolyten déi bei dëse Wahlen endlech all an d’PEnsioun geschéckt sollte ginn.
En wierklechen Neiufank, eng besser europäesch Zukunft brauch dogéint dringend eng breet gesellschaftlech Bewegung an nei sozial an ökologesch orientéiert Politiker, déi wierklech fir den Dram vun engem demokratesch vereenten Europa astinn.
---------------------------------------------------------------------------------------
Et huet geschwat de Jean Huss, Ex-Deputéiert vun déi gréng
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners