Nom Walerfolleg vum Emmanuel Macron bei de franséische Presidentiellen a bei de Wale fir d’Assemblée nationale gouf et bei den europäesche politeschen Eliten eng grouss Erliichterung. Si gesinn an him en neie wichtegen Hoffnungsträger, fir d’europäesch Unioun ze reforméieren an se aus hiren zahlräiche Krisen wéi de Brexit an Trump, d’Finanzkris, d’Griichelanddauerkris, de Jugendchômage an déi zounehmend Prekaritéit erauszeféieren.
Natierlech war et gutt, datt sech de Macron mat positven europäesche Messagë géint den erbärmlech nationalistesche a rassistesche Walkampf vum Marine le Pen konnt duerchsetzen.
Mee trotzdem si mam Macron senger absoluter Majoritéit weder eng besser demokratesch a sozial Zukunft fir déi franséisch Bevölkerung, nach eng besser europäesch Zukunft assuréiert.
Säin esou grousse Walerfolleg am zweeten Tour vun de Presidentielle war haaptsächlech der Präsenz vum Marine le Pen geschëllt, an net der Popularitéit vu sengem politesche Programm a beim zweeten Tour vun de Legislativwalen hate sech esouguer méi wéi 57% vun de Fransousen enthalen.
Virun allem seng neoliberal Wirtschafts- Sozial- an Aarbechtsrechtspolitik, mam geplangten Ofbau vun 125.000 Beamteplaze beim Staat, der Schwächung vum Aarbechtsrecht, vu Kollektivverträg a Kënnegungsschutz oder och déi geplangte massiv Steierkadoen un déi gouss Patronatskreeser bleiwen total ëmstridden a gi vu groussen Deeler vun der Bevölkerung ofgelehnt.
Dat ass nämlech déi selwecht Politik, déi Europa an déi bestehend déif sozial Kris gefouert hat an déi eng wichteg Ursaach war vum Succès vu Rietspopulisten an ultranationalistesche Bewegungen.
Léif Nolauschterinnen an Nolauschter,
An der Europapolitik kritiséiert den neie franséiche President déi däitsch Dominanz an Europa, virun allem déi nefast däischt Exportiwwerschosspolitik an déi vum Schäuble a Merkel anere Länner diktéiert eesäiteg Spuer- an Austeritéitspolitik, an hie mécht am Usaz eng Parti nei Reformavierschléi fir d’Europäesch Unioun, déi deelweis an eng positiv Richtung ginn, déi insgesamt awer vill ze kuerz gräifen.
Wann nämlech dat verluerent Vertrauen erëmgewonne soll ginn, da si vill méi déifgräifend Reformen an Europa noutwendeg, hin zu enger wäitgehender Demokratiséierung, schrëttweis hin och a Richtung vun enger Sozial- a Fiskalunioun.
Da missten endlech och onmëssverständlech esou Froen op den europäeschen Ordre du jour kommen wéi zum Beipill eng effikass Reguléierung vun de Banken an de Finanzmarchéen a vun de Pouvoire vun de Multinationalen. A schlussendlech misst et zu massive privaten an ëffentlechen Investitiounsprogrammer kommen a Richtung Konversioun vun der Economie am Interesse vu Klimapolitik, vun Ëmwelt a Gesondheet a vun enger sozialer an ökologescher Zukunft fir eis Kanner.