RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Jean-Louis Schlesser, 06/07/2018


Listen Later

Disruptiv ass eppes dat d’Gläichgewiicht vun engem System stéiert. Hei e puer disruptiv Phenomener. De Futtball natierlech. Disruptiv war schonn datt d’Futtball-WM iwwerhaapt u Russland gaangen ass. Oder och net, well schliisslech haten d’FIFA Fonktionären schonn ëmmer grouss an déif Täschen.
An: d’Englänner hunn tatsächlech en Eelefmeterschéisse gewonnen.
D’Mannschaft aus Däitschland: si ass ouni Glanz a Gloria, mat engem eenzege Punkt an no miserabele Mätcher heemgefuer. Vir vill di gréisst Disruptioun iwwerhaapt.
Iwwerhaapt Däitschland! Di grouss Auto Premium-Marken stinn elo do wéi eng Gaunerband well se d’ganz Welt - a besonnesch hir Clienten - ugeschmiert hunn.
D’Madamm Merkel: léisst sech vum Chef vun enger Regionalpartei, der bayerescher CSU, erpressen. Zimlech disruptiv, nee? Eng gréisser Onuerdnung hat nach just de Franz Joseph Strauss, och vun der CSU, an de 60 er Joren mat der Spiegel-Affär fäerdeg bruecht. Mee déi huet him säin Job als Minister kascht an d’Pressefräiheet an Däitschland gestäerkt. Dat wat wierklech disruptiv ass: d’Madamm Merkel ass erpressbar,  an e reaktionäre bayeresche Veräin huet d’Pretentioun Europa no senger Päif danzen ze loossen.
Elo ass et jo net esou datt ee menge soll datt ëmmer alles beim Ale bleiwe misst. D’Welt geet weider, et soll een net op all gesellschaftlech oder politesch Entwécklung en Deckel drécken,  a mir si jo net an der Sowjetunioun vum Breschnew oder am Nord-Korea vum Här Trump sengem Kolleg. Disruptiv Phenomener sinn et ëmmer ginn, och wann dat Adjektiv fréier net gebraucht ginn ass. Achtasechzég, op zu Paräis, zu Berlin oder zu Berkely war mega disruptiv. Et war eng Beweegung di de System gehéiereg duerchernee gerëselt huet an souguer zu Lëtzebuerg Spuere gelooss huet, an der Däiwel weess wéi verännerungsresistent mir sinn. Make Love not War, sous les pavés la plage, waren Sloganen, Metapheren mee och Programmer. Wou si mer haut?
Achtasechzég war eng utopesch Beweegung, di vun enger humanistescher, altruistescher, optimistescher Grondastellung gepräägt war an dat kënnen souguer déi di se mat kriteschen Ae kucken net leegnen.
Et géif mech wonneren wann, no enger Rei Joren, an Däitschland, an Italien, a ville Länner di drësseg Joer nom Fall vun hire kommunistesche Regimmer iwwerhaapt näischt bäigeléiert hunn, d’Virgäng vun haut, ähnlech positiv analyséiert kéinte ginn. Villäicht ginn éischter Parallellen zu den drësseger Jore fonnt, zu dem Disruptiven vun där Zäit, a vun der Onmënschlechkeet, der Barbarei déi doraus entstanen ass.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners