RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Jean-Louis Schlesser, 16/10/2017


Listen Later

Eng grouss Fro steet am politesche Raum, an dat net eréischt zënter deene vir si katastrophalen Gemengewahlen zu Lëtzebuerg. Wat ass da nëmmen mat de Sozialiste lass? Mir brauchen d’verluere Wahlen net méi opzelëschten. A ganz Europa zielen d’Komerodinnen an d’Komeroden während de Wahlnuechten verluere Prozenter a verluere Sëtzer an de Volléksvertriedungen - a versiche gutt Min zum béise Spill ze maachen wann se e Mikro ënnert d’Nues gehale kréien. Et ass wi beim Klimawiessel: d’Eropgoen vun den Temperaturen provozéiert wahrscheinlech net esou direkt d’Wiederkatastrophen, mee wierkt wi eng Verstäerkung - a mécht aus starkem Wand en Tornado. Bei de Genossen ass d’Gonscht vun der Stonn net vir si, a punktuell Ëmstänn maachen aus engem Trend eng Katastroph. A Frankräich hat eng net fir de Präsidenten-Job equipéiert Persoun der sozialistescher Partei de Rescht ginn an engem cholereschen, gëftege Lénkspopulist de Wee fräi gemaach sech fir, naja, lenk Wäerter an Iddien staark ze maachen.

Ass Esch d’Resultat vun engem ongléckleche Casting oder sinn aner Momenter am Spill? Kann eng mat Leif a Séil lénk engagéiert, ouni de gréngsten Zweiwel éierbar Persoun iwwerhaapt e Castingsirtum an enger Stad wi Esch fir eng Partei wi d’LSAP sinn ? A mat de konservative Kandidaten hu mer jo och net grad  Charismatiker virun eis! Ech mengen et gëtt, hei wi anerwäerts, eng Grondstréimung, géint déi et schwéier ukommen ass - och wann ee vill  Spacemining mécht.

Mir als Lëtzebuerger hun eng heemlech Libesgeschicht mat der CSV - wann een net grad dat ass wat e fréier e Pafefrësser genannt huet. Och wa mir hei an do mat enger Anerer, engem Aneren an d‘Bett ginn, lande mir erëm séier a reimiddeg bei der Legitimmer.

Esou ass dat an eisem klenge Land, mee firwat ass et an de groussen Natiounen ähnlech? Firwat geet e Ruck no riets duerch d’Vollek? De Sozialismus, wann et net grad dee vum Jean-Luc Mélanchon ass, huet vu Gebuert un eng international Ausriichtung. Wann ee wëllt datt et anescht a besser gëtt, da muss een d’Welt verbesseren. Da geet et net duer eleng a sengem Eck ze sëtzen, d’Käschten aus dem Feier ze huelen…, an se all selwer z‘iessen. D’Iddi datt dat net richteg wär mécht ville Bierger Angscht. Si géife wierklech gär d‘Käschten eleng iessen.

Reformistesch Sozialisten a liberal Globaliséirer sinn a leschter Zäit riets… Kosenge ginn. Dat gelt speziell fir Lëtzebuerg wou mir, materiell gesinn – a matt der Hëllef vu globaliséirenden Sozialisten - zu de grousse Gewënner vun den offene Grenzen gehéieren an, jo richteg!, zimlech vill Käschte z‘iesse kruten. Oder net? d‘Zyniker soen allerdengs, all Vollek hätt eben d’Recht ondankbar ze sin.  

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners