Dem Minister Asselborn ass virun enger Rei Deeg op emol de Kolli wéinst Facebook-Message geplatzt. An dobäi ass den Här Asselborn keen deen eng dënn Haut hätt. Erënnere mer eis un de legendären Telés-Duell mam Affekot Vogel am Zesummenhang mat dem Referendum iwwert d’europäesch Verfassung 2005, wou hien der vum explosiven Affekot op d’Bake krut, wat gëss de, wat hues de. Den Toun vum Affekot, seng demonstrativ Veruechtung fir säi ministerielle Vis-à-vis hu vill Leit schockéiert.
Matt dem Opkomme vun deem wat „sozial Netzwierker“ genannt gëtt – Facebook a Co. haaptsächlech - ass, zéng Joer méi spéit, en Toun an d‘ëffentlech Diskussioun erakoum wou, am Verglach, den Asselborn-Vogel Duell wéi eng ämabel Pooterstënnche wierkt.
Den zimlech déckheitege Jang Asselborn huet also dem Wutbierger vu Waasserbëlleg ëffentlech ze verstoe ginn, datt et esouguer op Facebook Limiten an de Frechheeten di een sech muss gefale loosse gëtt, oder misst ginn.
Vir vill Leit huet de Cyberspace als eng Zort realiséiert Utopie vun onkontrolléierter an onzenséierter Meenungsäusserung gegolt.
Leider koum alles aanescht.
Och den Naïvste misst mierken datt eis Internet-Fräiheet total fake ass an datt mir, d’Useren, haaptsächlech do si fir e puer Firmen a Privathand d’Matière Première fir hire Business ze liwweren.
Doniewend sin Deeler vum Internet eng gewalteg Super Cloaca. Eng formidabel Quell vun Informatioun an Entertainment, jo natierlech, mee och eng formidabel Méiglechkeet alles Aremséileges, Dommes, Falsches, Béisaarteges ze kanaliséieren, un de Mann an un d’Fra ze bréngen, ze gruppéieren a Liken, a Säiten, a Gruppen - mat der Intentioun der Abscheilechkeet Resonanz ze ginn... , fir Kabes ze verzapen, mee och fir ze beléien, ze bedréien an ze manipuléieren.
Ons Verwonbarkeet virun den negativen Aspekter vum Cyberspace, a besonneschen virun de sougenannten sozialen Netzwierker, léisst de Verdacht opkommen, datt mir - mir Mënschen - aus enger Rei Grënn, net equipéiert si fir mat de schlechte Säite vum Netz ëmzegoen.
De Bëlleger Wutbierger deen sech mam Jang Asselborn hat, huet sech jo bekanntlech eng Woch méi spéit bei him entschëllegt. Hie wär kee schlechte Mënsch huet hien eng Iddi krëscherech geschriwwen. Seng Excüsen huet hien net um Netz gemaach, mee hien huet se schéi fläisseg handschrëftlech an engem Bréif geliwwert. Sou einfach ass et also vir erëm en normale Mënsch ze ginn.