Think globally act locally - Denk global an handel lokal – ass am Moment de Moto vun venger Aberzuel Wahplakater – och wann eng Fläch vun 2500 km2 der Iddi net wirklech gerecht gëtt. An enger Woch ass et dann erëm eng vun villen Antwerten op d'Fro wéi mer mat der Welt am Sënn vun eisen zukünftegen Generatiounen sollen emgoën. Virun allem Elteren gesinn an dësem Motto eng Chance dat och hir Kanner nach eng liewenswert Welt als Erwuessener fir fannen.
An genau dat schingt ëmmer méi schwéier ze ginn – allzäit wann en der OECD well gleewen. An hierem Emweltausbleck kréien d’Schüler, dei 2015 deen wuel mei bekanntnen PISA-Test matgemach hunn, en Ausbleck wéi d’Welt soll ausgesinn wann sie 50 Joër hunn a laang erwuessen sinn. Wat beim PISA-Test fir Lëtzebuerg am speziellen, gëllt an Emweltfroën fir d’Welt am allgemengen: et gesäit net gudd aus. Do geet et mat engem rengen an oder blannen Vertauen, wéi déi national Bildungspolitik et am Moment akloot, secher net duer. Ofwärden ass keng Option well Konsequenzen vum näischt machen sinn bedenklech.
Der OECD no géifen 2050 all Joers ronn 3 an 1/2 Millioun Mënschen un der knaschteger Loft stierwen, emmerhinn duebel sou vill wei haut. Betraff wiren virun allem d'Awunner aus grousse Stiedt wou 2050 zwee Drëttel vun den neng Milliarden Mënschen liewen. Beim Waasser gesäit et net besser aus. Sou wiren 2050 d'halschent vun eis net genuch mat Waasser versuergt an fir Fauna a Flora géif dat heeschen dat all zengt Spezies un dësen Konsqeunzen géif austierwen. Eis Ustrengungen an Saachen Energie schingen nohallteg net vill ze bréngen. Och wann mir heiheem – also lokal - dann vill Energie aus Wand, Waasser oder Sonn wëlle gewannen, sou schéngt dat global iwerhat näischt ze äneren: bis 2050 ginn ëmmer nach 85 Prozent vum weltwäiten Energiebedarf aus Verbrennung gewonn also mat Kuel, Ueleg a Gas – sou d'OECD.
Sollt der elo der Iddi verfalen dat wier der Welt hiere Problem awer keen vun eisem klenge Ländchen, oder mam Bleck op nächste Sonndeg keen vun ärer Gemeng, da sief drunn erënnert dat mer souzesöen am Zentrum vun enger rieseger zone industrielle wunnen.
Jiddefalls wann en den Zirkel hëllt an e Krees mat engem 400km groussen Radius ronderem eis greng Insel zitt. A Grenzen kënnen vläicht Gesetzer, Steieren, PAG’en an der TVA de Bass halen, awer géint knaschteg Loft oder Waasser riichten och si net vill aus.
Mais vläicht hunn d'Kritiker vun der OECD jo recht an hir Emwelt-Prévisounen wiren genau sou onzoutreffend respektiv zweckutiltaristesch wei vill Resultater vun hiren aneren Etuden och.
A sollt der ieren heemlech denken „dat geet mech näischt un well ech bis dohin net méi sinn!“ da werft mol e Bleck an der OECD hiren Emweltausbleck fir 2030! – hei gesäit et nämlech net wierklech besser aus!
Zukunft wielen hudd demno vill Gesiichter a ginn wäit iwert eng quinquennal Pflicht eraus. Well d’Konsequenze vum näischt machen, wéi den Emweltausblick ennertitelt ass, kënne mer eis secher nët méi leeschten.