Fir d’éischt kennt d’Friessen an duerno d’Moral, sou huet de Bertold Brecht et an der ‘Dreigroschenoper’ op de Punkt bruecht. Nodeems déi industrialiséiert, an der Haaptsaach westlech Länner, dorënner och Lëtzebuerg, sech de Bauch vollgeschlo, an Täschen och gudd gefëllt haten, koum Zäit fir sech ze froën op een sou kinnt weidermache. Eng rethoresch Fro – awer wéi emgoën mat deem ‘Neen!’? Ganz einfach – sou moralesch Ierweer (Fehler) mussen ophalen, an lues awer secher huet all Firma ugefang sech Werter ze ginn. Nom Motto: Vertrauen ass gudd awer Kontroll nach ëmmer besser kruet dunn och all Betrieb en Ethikscomité, fir d’Problemer dei dëst Werter mat sech kenne brengen ofzeweien.
Sou och d’Klinken, déi zënter dem Spidolsgesetz vun 1998 heiheem all sou en Ethikscomité hunn. Zesummegesaat aus dem Personal aus de diversen Gesondheetsberufer, wéi och externen Experten, allen fir op Juristen, Philosophen an sozialen Berufer. Dëst erméiglecht eng differenzéiert Approche net nëmmen zu den gestaltnen Problemer, mä doiwer eraus och zu den Kulturalitéiten vun all enzelner Klinik. Ugefang bei der Prise en charge vum Patient iwert den refus vun Bluttransfusionen aus religéiser Iwerzeegung bis hinn bei d’Fro op en Traitement weider gefouert oder opgehall soll ginn.
Elo soll dëst Praxis en Enn kréen. Nodeems d’Education mam enheeltechen Wärteunterricht de Wee fräi gemach huet, wëll och d’Santé dei lokal Comitéen opléisen fir se duerch en enzegen, an zwär dem “Comité d’éthique hospitalier commun” ze ersetzen. Sou gesäit et allzäit den Artikel 27 am Projet de loi N° 7056 iwert Spidäler fier. Am Exposé dee Motif soll dëse Comité dofir suergen dat all ethësch Virschrëften an all Spidol op déi selwecht Manéier emgesaat soll ginn. Spéitstens bei der Zesummesetzung vun dësem nationalen comité éthique hospitalier mellt sech dann de gesonden Menscheverand. Dësem widerspëcht souwuel sou eng pensée unique wéi och d’Virstellung sou ethesch Froën à distance wëllen ze klären, an d’Virdeeler vun der Proximitéit wéi och der Reaktionszäit einfach opzeginn. Natirlech ginn et Froën déi weit iwert e lokalen Comité erausginn – dofir ginn et awer besser Lésungen wéi d’Propose vum Artikel 27.
AMMD – den Dachverband vun de Mediziner – ass och net amused , weder iwert den Text, nach iwert d’Art a Weis wéi e zoustanne koum a schons guer net iwer dei fehlend Dialogbereetschaft vum Ministère, an dat wäit iwert den Artikel 27 eraus.
Enzeg Klorheet besteht bei der Signature vum Projet, an zwär där vun eiser aktueller Regierung: am Virfeld mat kengem schwätzen an sech duerno iwerrascht weisen dat keen de färdege Projet gudd kann heeschen.
Dat de gesonde Menschverstand mat der Politik nët emmer kompatibel ass – wees all Kand. An dësem Fall wir et awer gudd den Projet de loi 7056 nach emol ze iwerdenken, ennert anerem den Artikel 27. Wéi Politik ausgesäit wann de gesonde Menschverstand bis zesummebrecht, dat wësse mer erëm zenter dem 20. Januar – an do wëll keen hinn.