RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Jean-Luc Thill, 26/10/2016


Listen Later

RTL Carte Blanche     “Politesch Hermeneutik“ 26-10-2016     Auteur:J-L Thill

Hermeneutik – klengt schwéier ass et awer net. De Beweis: zeguer Politiker kennen et. Berühmst Beispill heiheem: E Buergermeeschter deen virun de Walen versprécht an deem Amt ze bleiwen a schonns guer net fir de Posten vum Premier  zur Verfügung ze stoen – fir no de Walen genau dat ze ginn: nämlech Premierminister. Dir braucht nach e Beispill: den Premier bis – also de Vize – wann déi  ultimativ politesch Innovatioun abemol reaktionär muss ginn: sou geschitt dem Spuerpak.  
An d'Hermeneutik an deem Ganzen? Vun där geet ëmmer riets wann et ëm Interpretatioun an Verstoen vun Texter, Zeechen a Symboler geet – een uraalt Geschäft. Eis national Politik huet doranner deelweis eng laang Traditioun. Änner erëm, a fir d'lescht bei der Wal vun der CSV hirem Spëtzekandidat 2018, kritt de lëtzebuerger Wieler erklärt säi Wëllen, also de Wielerwëllen, géif entscheeden wei d'Regierung ausgesäit. Am Text steet eigentlech dat de Wielerwëllen, wann iwwerhat, entscheed wien an der Chamber sëtzt, oder kinnt sëtzen well et muss en d'Wiel net unhuelen. De Grand-Duc decidéiert wien an der Regierung sëtzt. Dat dëst mat Chamberswahlen eppes ze dinn huet, dat ass bedriwwen Hermeneutik, heiheem och nach gären als gentlemen's agreement bezeechent. Bescht Beispill: de Respekt vum Wielerwëllen an Gambia.  An dës lescht, also verstan als Symbol fir eis aktuell Regierung, ass Weltmeeschter am Ausleeën vun Texter. Rezent Beispill: déi blann Justicia muss feststellen dat Educatioun sech net un déi eegen Gesetzer hält an hermeneutesch gëtt schnell kloer gestallt: et wier just e Problem mat der Form an net mam Fong – nom Motto all Gesetzer sinn equal a verschiddener eben more equal – an iwwerhat géif sech och net dru gehale ginn! Wéi weg soll en dat verstoen? Och bei dem aner Fong  ass d'Form de Problem  – Stéchwuert Kierchefabriken. Déi sinn doriwwer eraus och genervt well bis ewell wär d'Hermeneutik ee vun hire Kärgeschäfter mat Usproch op Exklusivitéit.
Och op anere Platzen gëtt Regierung et net midd grouss Register ze zéien. Am Projet de Loi vum Congé parental ass op der Säit 5 openeits vun engem Paradigmewiessel riets. Dem Auteur vun dem Konzept, dem Thomas Kuhn, géifen Dronkenellen ausgoen – well säin „paradigm-shift“, wéi et am Original heescht huet domadder näischt ze dinn  - ausser et bedreift en politesch Hermeneutik.     Ironie vum Schicksal: elo schwätzt zeguer déi gréisst Oppositiounspartei vun engem Paradigmewiessel, an zwar vum ugekënnegten Paradigmewiessel vun der Regierung - mä wou si mer dann? Wann iwwerhat da klengt dat éischterseischters wéi eng bëlleg bedriwwen Falsifikationsstrategie à la Popper.
Toppen kann dat just nach de Finanzminister: deem geet en einfachen  Paradigme-Wiessel net wäit genuch a schwätzt vun enger richteger kopernikaneschen Wende an der Budgetspolitik.  - fir d'éischt gefuerdert 2008 vun der Chambre de Commerce wär se dunn fir se 2015 geplangt, fir elo definitiv 2017 ze geschéien. Fir dat d'Land dann 2018 héchstwahrscheinlech wierklech eng Wend erlieft – awer keng kopernikanesch dofir eng ptolomäesch – wann dee fréieren also ale Modell vläicht erëm virun der Dir steet – et sief dann déi hermeneutësch Rechnung mat de Wahlkadoen geet op. Mam groussen Opklärer Immanuel Kant huet dat obeneits näischt ze dinn – mä wien kann sech an den härden Zäiten vum aktuelle politeschen Geschäft nach akademeschen Respekt an wëssenschaftlëch Rigueur leeschten?




...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners