Demokratie klengt einfach ass et awer net. Déi al Griichen hunn se zwar erfonnt awer sech selwer net laang, respektiv guer net dru gehal. Den Aristoteles fënnt se kompatibel mat der Sklaverei. Zeguer den Churchill wor nach iwwerzeegt Demokratie wier am Fong déi schlechtst vun allen Regierungsformen, woubäi nach ëmmer déi Bescht vun all deenen Modeller déi bis ewell probéiert goufen. An och haut schengt eis Gesellschaft den demokrateschen Usproch ëmmer méi aus den Aan ze verléieren.
Kuckt en eis politesch Realitéit – national sou gutt wéi europäesch - da stellt sech d'Fro vun wat mer dann eigentlech schwätzen wa mer de Begrëff vun der Demokratie benotzen. Sou schéngt et ëmmer méi schwéier ze ginn d'Wuel vun der Allgemengheet an den politeschen Entscheedungen, wéi och an den Visiounen, erëmzefannen oder iwerhapt ze identifizéieren.
Do kommen déi all Griichen erëm an d'Spill, an zwar mat der „Ochlokratie“. Am éischte Moment erënnert Ochlokratie vläicht munchereen un en Ausgang deen Kierperflëssegkeeten ausscheet. Deem ass natierlech net sou, och wann et als Metapher, also als Vergläich mol guer net sou schlecht passt. Ochlokratie ass dem Polybios seng negativ Variant vun der Demokratie, nämlech d'Regierung vun der Mass am Géigesatz zu där vum Bierger. An dësem Modell gëtt d'Wuel vun der Allgemengheet fir den Egennotz souwuel ausgeblennt wéi och beschiedegt. Orienitéert gëtt sech eenzeg an eleng no egoisteschen Motiven kuerz jiddwereen kuckt just no sech a sengen eegenen Interessen. Net ëmsoss gëtt Ochlokratie och nach als Herrschaft vum Pöbel bezeechent. Eng ofwärtend Form vum Zesummeliewen wou jiddwereen, an dat net nëmmen an der Politik, just nach kuckt déi eegen Täschen sou voll wéi méiglech ze kréien an all Entscheedung aus enger reng egoistescher oder populärer Motivatioun geholl gëtt.
Dir sicht no Beispiller: de neierdengs agelautnen politesche Wahlkampfg liwert se: méi Mammecongé, méi Pappecongé, méi Schoulpersonal, maner Stagezäit. Därf ee gespannt sinn wat deenen Damen an Hären bis Oktober nach un gratis Aussoën afällt. Oder, wéi de Spiegel et ganz pertinent déi aner Säit vun der Musel op de Punkt bruecht huet: der Pakt der Verlierer. Wa Muecht – virun allem déi eegen - wéi wichteg ass wéi d’ Allgemengwuel - also eng kohärent demokratesch Politik, kuerz Ochlokratie.
Dat ass net ongeféierlech well tëscht dem Allgemengwuel an den cumuléierten Interessen vun all Eenzelnen gëtt et nämlech keng mathematesch Equatioun déi e positiivt Resultat liwwert. Am Géigendeel, wann jiddwereen just nach u sech denkt da geet dat op Käschten vun der Allgemengheet an där hirem Wuel oder, modern geschwat, un Liewensqualitéit vun eis all.
De Jean-Jacques Rousseau huet dofir schons am 18. Johrhonnert tëscht der “volonté générale”, also dem Wëllen vun der Allgemengheet, an der “volonté de tous”, also dem Wëllen vu Allen, ennerscheed. Dat sinn nämlech zwee puer Schong – dem franséische Philosoph wor kloer a wéi engen et sech besser zesumme geet. Freet sech just wéi e Puer mir an Zukunft wëllen undoën. !