Staatschefen hunn nach fir déi offiziell Fotoe gegrinst no deene verschiddenen Evenementer a schonns huet Zivilgesellschaft Kritik ausgeüübt par Rapport zu de Resultater vun de Verhandlungen. Virun allem ass déi verpasste Geleeënheet kritiséiert ginn fir den aktuellen Entwécklungsparadigma a Fro ze stelle, den op eng neoliberal wirtschaftlech Approche an onendlechem Wuesstem berout.
De Moment war also reif fir déi sozial Bewegungen op eng Plaz ze invitéieren an Alternativen ze diskutéieren. De Choix ass op d'Stad Montreal gefall, wou déi 12. Editioun vum Weltsozialforum stattfonnt huet.
De Weltsozialforum gesäit sech haaptsächlech als alternativ Reflexiounplatz, fir den Austausch vun Iddien. Zur neoliberaler wirtschaftlecher Globaliséierung, gëtt Globaliséierung vu Solidaritéit, géigesäiteg Hëllef a Kooperatioun entgéint gesat. Sujet’en wéi alternativ Wirtschaftsmodeller, Mënscherechter, Emwëltgerechtegkeet, Demokratie, Migratiounen a Friddenskultur goufen diskutéiert. Zivilgesellschaft war och mat derbai, trotz dem schlecht ausgewielten Datum, Mëtten am Summer, Problemer fir Entrées Visaen ze kréien an de relativ deiere Liewensniveau vu Montréal.
Wat de Forum nach charakteriséiert ass d'Tatsaach dass keen erlaabt ass a sengem Numm ze schwätze fir all politesch Instrumentalisatioun ze verhënneren a eng Ofschlossdeklaratioun gëtt och nët ugeholl, wéi dat oft de Fall ass bei groussen internationale Ronnen. Jiddereen de sech eng Iddi zu deene verschiddene Presentatiounen oder Diskussioune wëll maachen, soll einfach op d'Forum Websäit goe wou all Dokumentatioun zu Verfügung steet. Trotzdem wäert wuel kaum ee politesche Vertrieder an der noer Zukunft eng Referenz op de Forum maachen, och wann déi selwecht Vertrieder ëmmer erëm behaapten Zivilgesellschaft wier e ganz wichtegen Acteur am Entwécklungsprozess.
Wat nach gefehlt huet war d’Couverture vu den Medien, zemools déi aus dem Norden. Et huet awer, wéi schonn erwänt, net un interessanten Theme gefehlt a esouguer eng Rei vu "Perséinlechkeeten" waren am Forum mat derbäi wéi zum Beispill d‘Bertita Cáceres, Duechter vum Berta Cáceres, Mënscherechter Aktivistin déi virum kuerzem ermort ginn ass oder déi 2005 Friddensnobelpräiskandidatin, d‘Madame Mama Koité Doumbia. Et wier ongerecht ze soen dass kee iwwert de Forum bericht huet. Et brauch een dofir just d’Websait vum Forum ze besiche fir de Géigendeel festzestellen. Mä, amplaz Iddien déi, am Kader vum Forum diskutéiert goufen, weiderzeleede respektiv ze verdéiwen, krute mer éischter während der Summerpaus déi falsch Debatt zum Burkini op der Plage zerwéiert.