60 Joer méi spéit, gëtt déi europäesch Integratioun ëmmer méi a Fro gestalt. An dësem Kontext, huet d’Europäesch Kommissioun, virun ee puer Deeg, hiren White Paper virgestallt. D’Kommissioun wëllt domat zur Reflexioun iwwert d'Zukunft vun Europa bäidroen a proposéiert fënnef méiglech Zeenarien: 1) weider wéi bis elo, also Status Quo, 2) näischt ausser de Bannemaart, 3) déi, déi méi wëlle maachen, solle méi maache kënnen, 4) manner maachen awer méi effikass a 5) vill méi zesumme maachen, also méi Integratioun.
Am éischten Zeenario, dee vum Status Quo also, besteet de Risiko dass de Bierger interpretéiert, dass d'Europäesch Institutioune zwar Schwieregkeeten am aktuelle Fonctionnement unerkennen, awer trotzdem decidéieren näischt ze ënnerhuelen.
Den zweeten Zeenario proposéiert Efforten op de Bannemaart ze konzentréieren. De Risiko vun dëser Approche ass, dass Differenzen a Beräicher déi ausserhalb vum Bannemaart fale, méi grouss ginn.
Den Haaptrisiko am drëtten Zeenario, dee vun engem Europa mat verschidde Vitessen, ass deen dass mer op eng EU "à la carte" steieren. Bierger kéinte verschidde Rechter hunn, deem no wéi a wéi engem EU Land se Resident sinn.
Am véierten Zeenario, proposéiert den White Paper manner ze maachen, mä méi effikass. D'Entscheedungsprozesser géifen eventuell méi transparent ginn, mä d’Kommissioun gëtt et selwer zou dass déi gréissten Erausfuerderung ass, ee gemeinsamen Nenner Punkto Prioritéiten ze fannen.
Schlussendlech, bitt de fënneften Zeenario méi Integratioun un. De Risiko an dësem Fall ass dass d’Legitimitéit vun der EU nach méi a Fro gestalt geet par Rapport zu den nationalen Autoritéiten.
Wat den White Paper net mécht, ass d’Fro zum Beispill ze stelle wéi een d’EU méi no un de Bierger ka bréngen? Oder och nach, wéi een déi demokratesch Prinzipie vun Transparenz, Participatioun a Rechenschaft kéint stäerken? Dës Froe wäerte wahrscheinlech an den Diskussiounen tëscht Staatscheffen optauchen, mä et kéint een se elo scho vu vir era stellen. D'Diskussiounen iwwert Zukunft vun der EU sollten sech eigentlech net ëm déi technokratesch Struktur vun d¨ser beschränken, mä éischter sech mat der Fro beschäftegen op wéi eng Prinzipie mer d’EU wëllen ausbauen, genee esou wéi dat 1957 gemaach gouf.