RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Justin Turpel, 05/05/2017


Listen Later

Nee, ech schwätzen haut net iwwert franséisch Walen – dat maachen ech an enger Stellungnahm op mengem Blog. Ech wëll dës Carte Blanche notzen, fir op eppes opmierksam ze maachen, wat mech scho laang stéiert, a wou et mech wonnert, datt dat bis elo nach net a Fro gestallt ginn ass – an zwar d’Bedeelegung vun der SES, der Europäescher Satellittegesellschaft vu Betzder, beim Doutmaachen vu Mënschen duerch Dronen.
Am sou genannten „Kampf géint den Terror“ setzt d’amerikanesch Arméi Dronen an, déi iwwert d’Satellitten vun der SES gesteiert ginn, fir sou Terroristen, déi op der amerikanescher „Kill-list“ stinn, ofzeschéissen. Dat geschitt net nëmmen ouni Geriichtsuerteel, mee dobäi kommen dausenden vun Zivilsten, dorënner ganz vill Kanner, mat ëm d'Liewen. Deen Drone-Krich ass net nëmme kontraproduktiv, mee e verstéisst an allen Hisiichten géint d‘Genfer Konventioun, déi nom 2. Weltkrich gemaach gouf, fir ënner anerem d’zivil Bevëlkerung während Kricher ze beschützen.
Dat mer ons richteg verstinn: et geet mir iwwerhaapt net drëms all Aktivitéiten vun der SES ze verdäiwelen. Villes wat mat Satellitten gemaach gëtt, ass eng gutt Saach, a souguer ganz hëllefräich fir vill Mënschen op der Welt. D’Iwwerdroe vun Telefonsgespréicher an anere Kommunikatiounen, grad sou wéi vum Internet a Fernsehsbiller, bis hin zur Kommunikatioun an Noutstandsgebitter: alles dat sinn Aktivitéiten vun der SES, déi séier nëtzlech sinn.
Mee awer och Dronen, déi Mënschen ëmbréngen, ginn iwwer d’SES-Satelliten gesteiert.
An déi SES gehéiert – zesummen mat der Spuerkeess an der nationaler Investitiounsgesellschaft – dem Lëtzebuerger Staat.
A bis elo huet kee Vertrieder vum Staat am Verwaltungsrot sech dergéint gewiert, datt iwwert SES-Satellitten Dronen gesteiert ginn déi Mënschen ëmbréngen. Schliisslech ass dat ee gutt Geschäft, mat deem vill Suen verdéngt ginn …
Leider ass dat net déi eenzeg Aktivitéit vun ëffentleche Betriber oder Betriber un deenen de Staat bedeelegt ass, mat der géint Mënscherechter oder gülteg international Konventiounen verstouss gëtt: den ëffentlechen Lëtzebuerger Pensiounsfong investéiert nach ëmmer a Firmaen, déi d‘Klimaschutzofkommes vu Paräis net respektéieren; an den Zukunftsfong ënnerstëtzt souguer Betriber, déi hier Geschäfter mat Streebomme maachen!
Dobäi froen ech mech, wéi laang nach gutt bezuelten Fonktionnären als Vertrieder vum Staat an sou Verwaltungsréit sëtzen, ouni datt si drop halen, datt déi Betriber Mënscherechter an international Konventiounen, déi Lëtzebuerg ënnerschriwwe huet, respektéieren?! Hunn si iwwerhaapt Zäit fir sou een wichtegen d’Job, quasi niewelaanscht, nieft hirer eigentlecher Aarbecht, ze maachen? Oder dinn déi héich Indemnitéiten si vergiessen, datt si do eng Opsiichtspflicht hunn?
Et gëtt Zäit, datt de Staat, d’Chamber grad sou wéi d'Regierung an hier Vertrieder an de Verwaltungsréit, net méi zouloossen, datt ëffentlech Betriber oder Betriber mat staatlecher Bedeelegung géint gültegt Recht, Konventiounen a Mënscherechter verstouss

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners