RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Justin Turpel, 12/12/2016


Listen Later

Wat ass Steiergerechtegkeet? Wa grouss multinational Konzerner op hire Gewënner guer keng Steieren, oder manner Steiere wéi dem Chef seng Sekretärin bezuelen, dann ass dat jiddefalls net gerecht!

Wann déi, déi dëst opgedeckt hunn, sollen an de Prisong gestach ginn, dann ass dat och net gerecht! Dorëms geet et haut um Geriicht, wou den Appell am sougenannte LuxLeaks-Prozess ufänkt. Mir missten deene Leit – Antoine Deltour, Raphaël Halet an dem Journalist Edouard Perrin – dankbar sinn, datt mir duerch si gewuer ginn sinn, mat wéi eng Tricksereien do Steieren hannerzunn, a mir all bedupst ginn.

Och grouss Betriber brauche Stroossen an aner Infrastrukturen, Leit, déi a Schoule waren, déi op Crèchen an aner ëffentlech Déngschtleeschtungen zréckgräife kënnen. Ma da sollen och déi Betriber hëllefen dat mat hirer Steier ze bezuelen, sou wéi och all klengen a mëttlere Betrib dat mécht.

Leider huet déi Ongerechtegkeet do System: déi Räich a Superräich bezuelen ëmmer manner;  déi aner, vrun allem Leit, déi schaffe ginn, berappen ëmmer méi, an hinne bleift ëmmer manner iwwreg. Et ass genee dat, wat derzou féiert, datt 1% op der Welt ëmmer méi räich ginn, an elo well grad sou vill hunn, wéi déi 99% aner all zesummen.

Et ass traureg, datt grad Lëtzebuerg sech ëmmer erëm dobäi ervirdeet, fir deene “Räichen a Schéinen” dobäi ze hëllefen.

Et gi Leit, déi mengen, et wier ons doduerch jo alleguer bis elo gutt gaang. Dat mengen ech net. Och zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer méi Aarmut an ëmmer méi Leit hu Schwieregkeeten, fir iwwer d’Ronnen ze kommen. An ënnert dem Stréch géif fir jidderee méi erauskommen, wann och déi Räich an hir multinational Konzerner hiren Undeel u Steier bezuele géingen. Da géinge mer net vun Austeritéit schwätzen, da wier genuch do fir eng gerecht Ëmverdeelung.

An da géinge mer an engems verhënneren, datt d’Uewerklass mat hirem ville Geld am Gaang ass déi nächst Finanzkris erbäi ze spekuléieren.

Bréngt d’Steierreform, déi d’Regierung elo plangt, dann net méi Gerechtegkeet? - Nee, bei där Reform kritt jiddereen e bëssen, mee gerecht ass déi Reform dofir nach laang net. Mat där Reform gëtt guer näischt un de Grondprinzipien vun deem ongerechte Steiersystem geännert. Déi eng, déi duerch déi laang fälleg Erhéijung vum Mindestloun elo knapp 27 Euro méi kréien, mussen dorop scho Steiere bezuelen, anerer déi wierklech vill verdéngen, wäerte kaum eppes méi bezuelen wéi bis elo.

Fir eng gerecht Steierreform maachen ze kënnen, misst de Staat oder d’Steierverwaltung mol wëssen, wie wéi vill huet oder verdéngt. Dat wëssen s awer net! A si wëllen et och net wëssen, soss géinge se jo gesinn wéi ongerecht eise Steiersystem wierklech ass!

A soulaang dat de Fall ass, brauche mir Leit, wéi Antoine Deltour a Raphaël Halet, grad sou wéi Journalisten, déi de Courage hunn opzedecken, wat hannert de Kulisse leeft. Hinne solle mir Merci soen, amplaz se an de Prisong stiechen ze wëllen, während all déi déi massiv bedréien an hannerzéien, weidermaachen wéi wann näischt wier.

Mee vläicht trauen d’Riichter am Appellatiounsprozess sech jo endlech ze soen, datt d’Mënscherechtskonventioun, déi iwwert nationalem Recht steet, esou Leit schützt an eigentlech net zouléisst, datt ee se strooft.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners