RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Justin Turpel, 13/02/2017


Listen Later

Knapp véier Deeg no senger Vereedegung, huet den Donald Trump en Dekret ënnerschriwwen, fir de Bau vun der Dakota Access Pipeline, dee vum Barack Obama gestoppt gi war, weiderzeféieren. Mat där Pipeline sollen all Dag 470.000 Faass réie Pëtrol aus dausenden Fracking-Buerungen aus dem Norde vun Amerika, iwwert 1.900 km duerch véier US-Staaten bis op Illinois transportéiert ginn, fir de Verkaf um Weltmaart.
Weltwäit Protester haten zum Baustopp vun där Pipeline gefouert. Deen ëmweltschiedlechen Fracking, deen all Klimaziler, wéi se d’lescht Joer zu Paräis festgehale goufen, onméiglech mécht, hat zu dëser Mobiliséierung bäigedroen. De Widderstand war vun de Standing Rock Sioux aus Nord Dakota ausgaangen, well d’Pipeline duerch hiert Stammesgebitt féiert an d’Drénkwaasserreserve vu 17 Milliounen Awunner aus där Géigend a Gefor bréngt.
Mee dem Donald Trump ass dat egal: am Interessi vun den amerikaneschen Uelechmultië wëll hien d’Klimaziler vu Paräis kënnegen, d’Rechter vun den Agebuerene Stämm a Mënscherechtsverletzungen interesséieren hien net.
Déi massiv Protester, déi zënter dem Trump sengem Dekret op der ganzer Welt zouhuelen, weisen, datt ëmmer méi Mënschen dat net zouloosse wëllen! Hir Protester riichten sech virun allem och géint déi 38 Banken, déi dës Pipeline finanzéieren. An Däitschland hu bannent puer Deeg 300.000 Leit en Opruff ënnerschriwwen, fir datt d’BayernLB, déi mat 120 Milliounen US-Dollar un der Finanzéierung bedeelegt ass, sech aus deem Projet zréckzéie soll. Déi norwegesch Bank DNB huet dem Drock noginn an dat scho gemaach.
An hei zu Lëtzebuerg? – Vill vun deene Banken, déi d’Dakota Pipeline mat finanzéieren, hunn sech, meescht aus steierleche Grënn, hei am Land niddergelooss. D‘BNP Paribas, un där de Lëtzebuerger Staat bedeelegt ass, ass och mat 120 Milliounen US-Dollar an dësem Projet mat dran!
An den ëffentleche Lëtzebuerger Pensiounsfong huet ville Banken, déi un der Bakken Pipeline, wéi s’och nach genannt gëtt, bedeelegt sinn, massiv Sue ginn. Dat, obwuel méi wéi ee mol gesot gouf, datt déi ëffentlech Pensiounsgelder net méi fir ëmweltschiedlech Projeten, oder där déi Mënscherechter verletzen, zur Verfügung gestallt solle ginn.
Ass dat d’Ursaach, firwat d’Regierung – entgéint alle Versprieche – d’Konventioun iwwer d’Rechter vun Agebuerene Vëlker awer net ratifizéiere wëll? – Well mat där Ratifizéierung es weder fir Banke mat Staatsbedeelegung, nach fir den ëffentleche Pensiounsfong, esou Geschäfter nach méiglech wieren?!
Et gëtt Zäit, datt och mir zu Lëtzebuerg Drock maachen op déi Banken, déi d‘Dakota Access Pipeline finanzéieren, fir datt si sech doraus zréckzéien.
A ganz héich Zäit gëtt et, datt d’Sue vum Pensiounsfong anescht ugeluecht ginn, zum Beispill an erneierbar Energien, Wunnengsbau, Aarbechtsplazen an der Regioun... Wéini kënnt et dann an der Chamber zu der versprachener Orientéierungsdebatt, zesumme mat den ONGen, déi an deem Beräich aktiv sinn?
A schlussendlech wär et un der Zäit fir, wéi versprach, d’Konventioun iwwert d’Rechter vun Agebuerene Vëlker zu Lëtzebuerg un z’erkennen.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners