RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Justin Turpel, 16/02/2018


Listen Later

Wirtschaftswuesstem, méi Wuesstem, manner Wuesstem, anere Wuesstem – déi Fro beschäftegt Lëtzebuerg. Wuesstem bréngt Gewënn, Léin, Steieren, Entwécklung a Fortschrëtt fir jiddereen. Wirtschaftswuesstem = Fortschrëtt, heescht déi geheim Formel, déi sech hannert der Wuesstemsdebatt verstoppt.
Mee, ass dat och sou? Bréngt Wirtschaftswuesstem wierklech deen erwaarte Fortschrëtt mat sech?
Fir op déi Fro ze äntweren, muss ee kucken, wat mat deem geschaafte Räichtum geschitt.
Mir wëssen: 99% vun der Weltbevëlkerung besëtze méi wéi dee räichsten 1%, eng flagrant Ongläichheet, déi all Joer zouhëlt. An dat, well véier Fënneftel vum geschaafte Räichtum, 82%, direkt deem räichsten 1% zegutt kommen. Wien also vill – vrun allem vill Kapital – huet, kritt vill derbäi. All déi aner, a besonnesch déi, déi vun hirer Aarbecht liewe mussen, kréie – trotz Wuesstem – ëmmer manner mat. Sou datt iwwert d’Halschent vun der Weltbevëlkerung all Dag mat 2-10 Dollar, dat sinn ëmgerechend 1,63 bis 8,17 Euro, auskomme muss.
Dee geschaafte Räichtum gëtt also kengeswees gerecht opgedeelt. Ganz am Géigendeel! An dat ass zu Lëtzebuerg net aanescht.
D’Opfaassung, datt, wat méi produzéiert gëtt, jidderee méi kritt, ass deemno carrement falsch!
Wann een Deel vun der Produktioun och nach d’Ëmwelt an d’Klima nohalteg zerstéiert, Kricher a Verdreiwung mat sech bréngt, massiv Mënscherechter verletzt, dann ass d’Schafe vum Räichtum de Géigendeel vu Fortschrëtt! Weder méi, nach manner Wuesstem ass net déi richteg Äntwert op des Schieflag. Bëssen Ofstand huelen, mol erëm dat Ganzt gesinn an doriwwer nodenken, sinn ubruecht!
An dobäi gesi mer, datt net de Wuesstem déi wichtegst Fro ass, mee wéi dee geschaafte Räichtum zustane kënnt a wéi e verdeelt gëtt.
Dat misst eis all vill méi beschäftegen. Do ass een Ëmdenken absolut noutwendeg. Dat maachen déi, déi vun dëser absurder Weltuerdnung profitéieren, sécher net. Dozou brauch et Drock vun ënnen, d’Mobiliséierung vun de Bierger géint déi iwwermächteg Finanzoligarchie. Ënner aanerem
•    fir eng uerdentlech Remuneratioun vun der Aarbecht; dobäi och ee Mindestloun vun deem e Liewe kann;
•    fir eng Produktiounsweis, déi souwuel Ëmwelt a Klima, wéi och Mënscherechter respektéiert; och multinational Gesellschafte mussen douzou verflicht ginn;
•    fir eng Steiergerechtegkeet, bei der och d’Kapital e gerechten Undeel bezilt, fir sou Sozialsystemer ofzesécheren an Infrastrukturen ze schafen, déi d’Liewensqualitéit vu jidderengem erhalen a verbesseren.
A dat och hei zu Lëtzebuerg. Wuesstem alleng séchert onse Pensiounssystem net of. Ouni Ëmverdeelung ass dat net méiglech!
A wann d’Majoritéit vun de Politiker mat deene Mächtege ënnert enger Decke stécht oder vrun hinne kuscht, da muss d’Ëmdenke vun ënne kommen. Mir sollen ons amëschen, an zwar massiv!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

66 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners